
An Argentinien, an engem Gebitt ronderëm déi kleng Stad Epuyén an den Anden, brennt et zanter e Méindeg op enger Fläch vun 12.000 Hektar, weider 3.800 Hektar stinn zu Chubut an an der Nopeschprovënz Santa Cruz a Flamen. Am Ganze sinn iwwer 500 Pompjeeën, Secouristen a Polizisten op der Plaz fir géint d’Feier unzekämpfen. Ee Pompjee koum mat schroe Verbrennungen an e Spidol, wéi argentinesch Medie mellen. Si beruffe sech op déi lokal Gesondheetsautoritéiten.
An aneren Deeler géif sech d’Situatioun nees entspanen, nodeems et ugefaangen huet, mat reenen. De Gouverneur vun der Provënz Chubut, den Ignacio Torres, sot an engem Radiosinterview, d’Lag wier zwar “méi roueg, awer weiderhi kritesch”. Hien huet en Appell gemaach, de Klimawandel net z’ignoréieren, d’Provënz géif déi “schroosten Dréchent zanter 1965" erliewen. An de leschte Joren hätten d’Bëschbränn schonn 32.000 Hektar Terrain zerstéiert.
Patagonien ass bei Touristen immens beléift. Dem Gouverneur no hunn an de leschten Deeg gutt 3.000 Touriste missen evakuéiert ginn. Op d’mannst 10 Haiser sinn de Flamen zum Affer gefall.