Presuméierten Täter festgehollSchwäert-Ugrëff a schweedescher Schoul mat e puer Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
En Onbekannten huet e Freideg a Nomëtteg e puer Persoune mat engem Schwäert an enger Schoul a Schweden blesséiert.
© FREDRIK SANDBERG/TT News Agency via AFP

Geschitt ass den Ugrëff an der Brinell-Schoul zu Fagersta. Wéi d'schweedesch Noriichtenagence TT mellt, wier de presuméierten Ugräifer vun der Police gestalt a festgeholl ginn. Si beruffe sech dobäi op lokal Autoritéiten. Lokale Medien no soll d'Police op hie geschoss hunn.

D'schweedesch Zeitung "Aftonbladet" huet geschriwwen, den Ugräifer wier mat enger Machete arméiert gewiescht an hie wier an d'Been getraff ginn.

Wéi vill Persoune mam Schwäert verwonnt goufen, ass nach onkloer. Och iwwert hiren Zoustand ass den Ament nach näischt gewosst. D'Police duerchsicht d'Schoul.

Kuerz no 14 Auer wier den Alarm ausgeléist ginn. E puer Schoulen, Spillschoulen a Sportshalen an der Ëmgéigend goufe gespaart. D'Schüler an d'Enseignanten hu missen an de Gebaier bleiwen.

A Schweden koum et an de leschte Jore schonn zu e puer esou Virfäll a Schoulen. Am Februar 2025 war e Mann vu 35 Joer, e fréiere Schüler, an den Ausbildungszenter fir Erwuessener an der Stad Örebro agedrongen an hat 10 Persounen a sech selwer erschoss.

2022 hat e Schüler vun 18 Joer an enger Schoul zu Malmö zwou Enseignanten erstach an 2015 hat e Jonke vun 21 Joer bei engem rassistesch motivéierten Ugrëff an enger Schoul zu Trollhättan dräi Persounen mat engem Schwäert ëmbruecht, ier hie vun der Police erschoss gouf.

Back to Top
CIM LOGO