Vollek decidéiertSchwäiz wëll iwwer Importverbuet vu Pelz a Foie Gras ofstëmmen

RTL Lëtzebuerg
D'Déiereschutzorganisatioun Alliance Animale Suisse (AAS) huet déi méi wéi 100.000 gëlteg Ënnerschrëfte gesammelt an agereecht.
© STEFAN WERMUTH AFP

D’Regierung muss elo d’Signaturen iwwerpréiwen an dann en Datum fir d’Ofstëmmung fixéieren. Fir d’Verbuet vu Foie Gras hu sech genee 106.448 Schwäizerinnen a Schwäizer ausgeschwat, fir d’Verbuet vu Pelz waren et 116.140 Ënnerschrëften.

Déi sougenannte “Stopfmast” vun Inten a Gänsen an d’Produktioun vu Foie Gras ass an der Schwäiz schonn zënter 40 Joer verbueden, den Import vun dësem Produit allerdéngs net. Wärend de Feierdeeg ass Foie Gras virun allem an der franséisch-sproocheger Schwäiz am Westen e beléifte Produit. D’Initiativ “Ja zum Importverbot von Stopfleber” wëll elo per Referendum d’Schwäizer Verfassung änneren, fir e Verbuet vum Import duerchzesetzen.

D’Parlament an der Schwäiz hat eréischt am September géint esou en Importverbuet gestëmmt. D’Produzente missten awer an Zukunft Donnéeën iwwert d’Produktiouns-Konditiounen um Emballage uginn. Et géif een, mat esou engem Verbuet d’Leit dozou animéieren, a Frankräich ze fueren, fir sech Foie Gras ze kafen, wat nees dem Schwäizer Handel géif schueden, sou d’Argumentatioun vun den Deputéierten.
Mat ronn 200.000 Kilo am Joer ass d’Schwäiz ee vun den Haapt-Import-Länner vu Foie Gras, sou d’Kritik vun Déiereschützer. Eleng fir d’Schwäiz stierwen all Joer 400.000 Inten an 12.000 Gänsen. Et kéint net sinn, dass Schwäizer Produzenten eng Strof géif bléien, wa se de Foie Gras illegal produzéieren an op der anerer Säit de Produit dann trotzdeem importéiert ka ginn.

Beim Theema Pelz läit d’Schwäiz bei ronn 350 Tonne Pelz, deen am Joer importéiert gëtt. Dofir goufe geschat ronn 1,5 Milliounen Déieren doutgemaach. Iwwert d’Hallschent dovunner kënnt aus China, wou d’Déieren der Organisatioun no “schrecklech Konditiounen a Käfeger a beim Schluechten” mussen duerchmaachen.

Back to Top
CIM LOGO