No Schéisserei a Bildungszenter zu ÖrebroSchweden schwätzt iwwer Verschäerfung vu Waffen- an Educatiounsgesetzer

RTL Lëtzebuerg
Schweden ass nach ëmmer an Trauer wéinst der Schéisserei, déi et virun 10 Deeg an engem Bildungszenter zu Örebro gouf.
© AFP/Jonathan NACKSTRAND

Zéng Leit waren ëm d’Liewe komm a sechs goufe blesséiert. Dem Täter säi Motiv ass nach net confirméiert, mee d’Enquête kënnt gutt weider.

Korrespondenz aus Schweden / Rep. Julie Frisch

Den Amokleefer Rickard Andersson, deen zu Örebro 10 Leit erschoss huet, huet weder geschafft nach studéiert. Der Police no hat den Täter déi lescht 10 Joer iwwer keen Akommes, a krut viru kuerzem seng finanziell Ënnerstëtzung vun der Gemeng gestrach. Säi Motiv ass weider onkloer. Dem schweedesche Gesetz no mussen dem Täter seng Intentioune kënne bewise ginn, fir datt d’Attack als Terrorismus ka klasséiert ginn.

A senger Ried huet de schweedesche Premier Minister Ulf Kristersson d’Natioun opgeruff, zesummenzehalen an all Form vun Haass ze bekämpfen.

“Wann et drop ukënnt, gëtt et nëmmen ee Schweden. Net eis a si. Net jonk oder al. Net hei gebuer oder am Ausland gebuer.”

An engem Effort, Schoule méi sécher ze maachen, wëll d’Regierung nei Mesuren an d’Educatiounsgesetz aféieren: Et solle keng onerlaabten Persounen op Campusse méi toleréiert ginn, a Schoulpersonal soll d’Recht kréien, de Schüler hir Schoulsäck ze duerchsichen. Och d’Waffegesetzer solle geännert ginn - ënner anerem mat engem potentielle Verbuet fir semi-automatesch Gewierer.

18 Kanner a Jonker hunn een Elterendeel an der Schéisserei zu Örebro verluer. D’Schoule bereeden sech drop fir, si nees geschwënn z’enseignéieren. Et gëtt a Schweden den Ament also driwwer geschwat, wéi ee mat esou engem Trauma soll am Schoulëmfeld ëmgoen.

Back to Top
CIM LOGO