
Fir déi meescht Leit gehéiert dat zum Dezember dozou an heescht Wanter-Stëmmung puer. Wéi gesäit et da mat der Sécherheet um Chrëschtmaart aus a wéi sécher kann ee sech fillen? D’Emma Felgen huet zu München nogefrot.
Verschidde Forme vun Ofspärunge gehéiere besonnesch nom leschte Joer op al Chrëschtmaart an Däitschland dozou. De Grond: D’Attentat um Magdeburger Chrëschtmaart, den 20. Dezember 2024. Sou soll verhënnert ginn, dass Autoen oder Camionen einfach op d’Plaz fuere kënnen. Och Police a Sécherheetspersonal ass besonnesch an de méi grousse Stied vertrueden, fir de Risiko vun engem méiglechen Attentat esou kleng wéi méiglech ze halen.
An enger Ëmfro am Optrag vun der Däitscher Presse Argentur maache sech 2/3 vun de befrote Leit Suergen am Kader vun enger Visitt um Chrëschtmaart no den Attentater.
D’Liz Besenius fënnt et ass generell wichteg, informéiert ze bleiwen an awer och net ze negativ ze denken.
“Ech fannen déi ganz Berichterstattung allgemeng sinn ëmmer bësse mat Virsiicht ze genéissen, also et dierf ee sech net ze geckeg maachen, trotzdeem fannen ech et wichteg, dass ee sech informéiert an um Courant bleift an datt een ebe weess, dass leider Gottes ëffentlech Plazen eng gewësse Gefor duerstelle kënnen, wann d’Sécherheetsmoossnamen net sou si wéi se sollte sinn. [..] ech si mir bewosst, dass et déi Saache ginn, datt et wichteg ass, déi Sécherheetsmoossnamen ze huelen, mee ech probéieren, mech net ze vill dovunner beaflossen ze loossen, well am Endeffekt wëll ech gären op de Chrëschtmaart goen, fir eng gutt Zäit ze hunn an net fir mech ze laang op déi negativ Saachen ze konzentréieren.”

Dobäi kënnt ee Messerverbuet op allen däitsche Chrëschtmäert zanter leschtem Joer. An eng Besonneschkeet zu München: D’Videoiwwerwaachungen an zum Deel Kontrolle vu Poschen.
De Felix Schwarz fillt sech am Allgemengen doduerch net gestéiert, éischter am Géigendeel.
“Hei zu München fillen ech mech amfong sécher, et ass jo och Security, déi Ofspärbänken a wéi déi och ëmmer heeschen, also ech fille mech scho relativ sécher. Also ech mengen, wa guer keng Security do ass, och wa Security do ass geschéie Saachen. Dat heescht sou de Mëttelwee wéi hei fannen ech am Fong gutt, bei der U-bahn ass direkt Security, et ginn der puer ronderëm, mee et ass een net ageschränkt.”
De Joachim Hermann, Innenminister vu Bayern seet, dass et eng abstrakt Gefor natierlech ëmmer gëtt an ee gewësse Grondrisiko och. D’Stëmmung leit dorunner awer op der Plaz net.