
Wou d’Busser higefuer sinn, war net gewosst. Als Grond huet een déi kal Temperaturen an déi onwierdeg a geféierlech Liewensbedingungen an de Campe genannt. Hëllefsorganisatiounen dogéint schwätze vu “Verdreiwungen”.
D’Migrante wiere mat der Menace, se géife festgeholl ginn, gezwonge ginn, an d’Busser ze klammen, erkläert d’Organisatioun L’Auberge des Migrants. Hir Zelter wieren zerstéiert ginn. “Si wäerten an den nächsten Deeg zeréckkommen an ënnert nach schlëmmere Bedingunge liewe mussen”, erkläert d’Organisatioun.
Vun offizieller Säit heescht et, eng 300 Migranten hätten d’"Offer” akzeptéiert. D’Organisatioun Utopia 56 schwätzt vu bis zu 2.500 Mënschen, déi aus de Campe verdriwwe goufen. Et wier déi gréissten Evakuéierung zanter 2016, wéi de sougenannten “Dschungel” vu Calais geraumt gouf.