An IsraelSekretärin vum Oskar Schindler am Alter vun 107 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
D'Mimi Rheinhardt huet am Zweete Weltkrich d'Lëscht vun de "Schindlerjuden" fir d'Emaillefabrik opgestallt, déi honnerte Judde virum Dout gerett huet.
© AFP/GIDEON MARKOWICZ

“Meng léif a groussaarteg Groussmamm ass am Alter vun 107 Joer gestuerwen. Rou a Fridden”, schreift d’Enkelin vun der Mimi Reinhardt. D’Sekretärin vum Oskar Schindler, deen als “Retter” vun honnerte Judde wärend dem Holocaust bekannt ass, hat hir lescht Liewensjoer an engem Altersheem zu Herzlia an Israel verbruecht.

D’Mimi Reinhardt, déi éisträichesch-jiddesch Originnen hat, huet bis 1945 als Sekretärin vum däitsche Fabrikbesëtzer Schindler zu Krakau geschafft an esou deemools d’Lëscht vun den “Schindlerjuden” zesummegestallt. D’Rettungsaktioun vum Oskar Schindler, mat deem hie méi wéi dausend Judde virum Doud an der Gaskummer gerett huet, gouf Joerzéngte méi spéit duerch den Hollywood-Film “Schindler’s List” vum Steven Spielberg weltbekannt.

Nom Krich huet déi fréier Sekretärin virop zu New York gelieft. 2007, am Alter vun 92 Joer, ass si an Israel ausgewandert. “Ech fille mech wéi doheem”, sot si bei hirer Arrivée zu Tel Aviv viru Journalisten. De Film “Schindler’s List” hätt si sech eréischt Joren no der Première ukucke kënnen. Zwar hätt de Spielberg si op d’Première zu New York agelueden, ma si hätt awer virun der Virféierung misse goen, well et fir si “ze schwéier” war.

Back to Top
CIM LOGO