Tëscht Ukrain, Russland an USASelenskyj schwätzt vun "trilaterale" Gespréicher nach dës Woch

RTL mat AFP
Geet et esou, wéi den ukrainesche President et annoncéiert huet, wäerte Vertrieder vu Russland, der Ukrain an den USA sech dës Woch an den Arabeschen Emirater gesinn.
© FABRICE COFFRINI/AFP

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet en Donneschdeg driwwer geschwat, datt trilateral Gespréicher tëscht der Ukrain, Russland an den USA nach dës Woch an de Vereenegten Arabeschen Emirater kéinte sinn.

Ech denken, et wier dat éischt trilateraalt Treffen an den Emirater, et kéint muer oder iwwermuer sinn...”, esou de Selenskyj um Weltwirtschaftsforum zu Davos. Hien huet awer och nach dozou gesot, datt “d’Russe prett fir e Kompromëss” misste sinn. Virun dëser Annonce hat de Selenskyj sech mat sengem amerikaneschen Homolog Donald Trump getraff an dëst Treffen esou an d’Weeër geleet. A wéi enger Form dës Gespréicher wäerte sinn, gouf net gesot.

Op enger Pressekonferenz kuerz drop war awer ze héieren, datt bei déi trilateral Gespréicher um Niveau vun den Negociateure soll sinn. “Déi ganz Ekipp wäert dohi goen”, sot de Selenskyj an huet ënner anerem de Secretaire vum Sécherheetsrot Roustem Oumerov, de Chef vum Cabinet vum President Kyrylo Boudanov an deem säin Adjoint Serguïi Kyslaytsia genannt. Och de Chef d’état-major Andrï Gnatov soll fir d’Ukrainer an d’Emirater reesen.

Mir wäerte gesinn, wat dobäi erauskënnt”, esou nach den ukrainesche President.

Bei de Gespréicher mam Donald Trump goung et dann och ëm d’Sécherheetsgarantie vun den USA géintiwwer der Ukrain. Op deem Punkt wiere béid Staatscheffe sech eens ginn, huet et nach vum Selenskyj geheescht.

Et ass awer net déi éischte Kéier, datt sech ukrainesch a russesch Vertrieder gesinn. Dëst war scho kuerz nom Ufank vum Krich am Joer 2022 de Fall, wéi awer och an e puer Sëtzungen dat lescht Joer. Bei dëse Gespréicher war een awer net signifikativ virukomm an et konnt een de Konflikt net op en Enn bréngen.

Back to Top
CIM LOGO