
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet ugekënnegt, an den nächsten Deeg an d’USA wëllen ze reesen, fir den US-President Trump ze treffen. Dëst Treffe baséiert op wochelaangen diplomateschen Efforten, fir dem Krich en Enn ze setzen. Der ukrainescher Zeitung “Kyiv Post” no soll d’Entrevue tëscht Selenskyj an Trump e Sonndeg am US-President senger Residenz a Florida sinn.