DonnerwiederenSpaceX-Rakéit konnt wéinst schlechtem Wieder net starten

RTL Lëtzebuerg
Aus dem éischte bemannte Vol vun enger Rakéit vun der Privatfirma SpaceX, déi dem Tesla-Grënner Elon Musk gehéiert, ass e Mëttwoch den Owend näischt ginn.
© AFP

Dem Tesla-Grënner Elon Musk seng Entreprise SpaceX wollt e Mëttwoch Raumfaart-Geschicht schreiwen. Eng Falcon-9-Rakéit sollt um 16.33 Auer Lokalzäit vum Kennedy Space Center op Cape Canaveral bei d’international Raumstatioun ISS starten.

U Bord vun der Dragon-Kapsel waren déi 2 experimentéiert US-Astronauten Robert Behnken an Douglas Hurley.

Aus dem Start ass e Mëttwoch awer näischt ginn, well d’Wieder net matgespillt huet. Et goufen Donnerwiederen iwwer Cape Canaveral. Den nächste Versuch ass fir e Samschdeg ugesat.

Wann d’Missioun “Demo-2" e Succès gëtt, kéint déi amerikanesch Weltraumagence Nasa an Zukunft op SpaceX-Rakéiten zeréckgräifen. A wier esou méi onofhängeg vun de russeschen Sojus-Rakéiten, déi an de leschte Jore benotzt goufen.

Back to Top
CIM LOGO