Liewenslaange Prisong fir PensionärSträit ënner Nopere war eskaléiert: Dräimol Mord an zweemol versichte Mord

RTL Lëtzebuerg
En Sträit ënner Noperen a Bayern, deen u sech ganz harmlos ugefaangen hat, huet mat dräi Doudesaffer an zwee weidere versichte Morden opgehalen.
© AFP

Elo huet d’Geriicht zu Augsburg de 65 Joer alen Täter zu lieweslaangem Prisong verurteelt. Genau wéi de Parquet hunn d’Riichter eng “besondere Schwere der Schuld” vum Rentner erkannt. Doduerch ass eng méiglech fréizäiteg Entloossung aus dem Prisong bal ausgeschloss. Domadder kéint de Verurteelten, dee schonn dräi Mol en Häerzinfarkt hat, méiglecherweis bis un d’Enn vu sengem Liewen am Prisong bleiwen.

No de Beweiser, déi virgeluecht goufen, war d’Geriicht vun der Schold vum Mann, deen eng Waff doheem hat, déi hie fir de Sport genotzt huet, erwisen. Hien hat eng Koppel an eng weider Fra aus der Noperschaft ëmbruecht. Deem viraus war ëmmer nees Sträit tëscht dem Verurteelten a sengen Nopere gaangen. Ugefaangen hat alles, well den Noper Enn 2018 zu enger Zäit e Lach gebuert hat, déi den haut 65 Joer ale Pensionär opgereegt huet. Dono koum et ëmmer nees zu verbalen an och emol kierperlechen Ausernanersetzungen tëscht béide Parteien am Trapenhaus vum Gebai oder am Beräich, wou d’Poubelle stinn. D’Police gouf méi wéi eng Kéier dowéinst kontaktéiert.

Richteg eskaléiert ass d’Situatioun du viru ronn engem Joer, wéi de Sportschütze d’Koppel vun 52 an 49 Joer um éischte Stack vum Gebai erschoss hat a kuerz drop, duerch de Spioun an der Dier, och nach eng weider Nopesch vun 72 Joer. Tëscht den éischten zwee Morden, béid an de Kapp geschoss, louche grad emol 8 Sekonnen. Den Täter hätt dem Parquet no och nach probéiert, den haut 15 Joer ale Jong vun den zwee éischten Affer an deem seng Frëndin z’erschéissen. Dofir wier hien extra mam Auto bei enger aner Wunneng gefuer. Béid goufen do ugeschoss, hunn et awer iwwerlieft, well si séier genuch an d’Haus flüchte konnten.

Den Täter hat dobäi e Schalldämpfer op senger Waff fixéiert, wat an engem Video, wat een Affer kuerz viru sengem Doud opgezeechent hat, ze gesi war.

Um Dag vun der Dot ware béid Parteien uneneegeroden an d’Koppel hat eng Plainte géint de Pensionär gemaach. Datt hätt him “den Vogel rausgehauen”, esou de Verurteelten. Dat war den Ermëttler no och dat zentraalt Motiv fir dës Dot.

D’Defense vum Amokleefer hat just 15 Joer Prisong gefuerdert mam Argument, hire Mandant hätt just esou gehandelt, well hien Angscht gehat hätt, en déidlechen Häerzinfarkt ze kréien. Fir de Parquet war kloer, datt de Mann dësen Noperschaftssträit, deen hie laang genervt huet, “ee fir alle Mol op en Enn ze bréngen”.

Back to Top
CIM LOGO