13 BlesséierterStroossebunn zu Düsseldorf entgleist an auserneegebrach

RTL Lëtzebuerg
Beim Accident war ee vun de Waggonen entgleist an doropshi mat deem Waggon hannendrun zesummegestouss.
© AFP

Zu Düsseldorf goufen e Mëttwoch de Moien 13 Persoune blesséiert, nodeems eng Stroossebunn entgleist an accidentéiert ass. Wéi d’Police preziséiert huet, wier eng Persoun méi schwéier an 12 liicht blesséiert ginn.

Am Quartier Holthausen war an de fréie Moiesstonnen ee vun de Waggone vun der Linn U72 entgleist an da mat deem Waggon hannendru kollidéiert. Duerch den Zesummestouss ass d’Bunn dann an zwee Stécker gebrach.

Eng Feelstellung vun de Weichen als méigleche Grond fir d’Entgleisen, konnt net confirméiert ginn. Op där Plaz wier kee Stellwierk gewiescht. Elo sollen d’Daten, déi wärend der Faart opgezeechent goufen, ausgewäert ginn.

Back to Top
CIM LOGO