FrankräichSupermarchéë musse Rayone mat net-essentielle Wueren zoumaachen

RTL Lëtzebuerg
Vu Bicher bis Kleedung: An de franséische Supermarchéë gi bestëmmte Produiten déi nächst Wochen net méi verkaf.

Als Reaktioun op d’Kritik vu klenge Butteker, déi wärend dem Lockdown keng Clientë méi dierfen empfänken, ass de Verkaf vun non-essentielle Produiten an Akafszentren a Supermarchéen elo och verbueden.

Dëst wier net de Moment, fir ugekënnegt Mesuren zeréckzezéien, esou de Premierminister Jean Castex am Gespréich mat TF1.

Nieft de Geschäfter haten och eng Abberzuel lokal a regional Politiker kritiséiert, dass et zu Ongläichheete féiere géing, wann déi Grande-surfacë weiderhi Produite wéi Bicher kéinten ubidden, iwwerdeems kleng Geschäfter wéi Librairië mussen zoumaachen. Si fäerten ëm d’Existenz vun deene klenge Butteker, déi am Konkurrenzkampf mat den Akafszentre stinn.

Vinothéiken, Baumäert a Gäertnereien dierfen donieft wärend dem Lockdown opbleiwen. Dat selwecht gëllt fir Schoulen an den ëffentlechen Déngscht. Zanter e Freideg gëllen déi nei Restriktiounen a Frankräich. Bis den 1. Dezember soll de Lockdown an eisem Nopeschland unhalen. Frankräich huet bis ewell iwwer 1,3 Milliounen Infektioune registréiert.

Back to Top
CIM LOGO