Defaite fir den TrumpSupreme Court blockéiert Asaz vun Nationalgard zu Chicago

AFP
Den US-President Donald Trump huet virum Ieweschte Geriichtshaff eng Defaite akasséiert.
US-Präsident Donald Trump hat vor dem Obersten Gerichtshof eine Niederlage kassiert. Der Supreme Court blockierte am Dienstag vorerst die Entsendung der Nationalgarde nach Chicago.
US-Präsident Donald Trump hat vor dem Obersten Gerichtshof eine Niederlage kassiert. Der Supreme Court blockierte am Dienstag vorerst die Entsendung der Nationalgarde nach Chicago.
© AFP/Archiv

De Supreme Court huet en Dënschdeg den Asaz vun der Nationalgard zu Chicago virleefeg blockéiert. D’majoritär konservativ Riichter hunn erkläert, d’Regierung hätt de Grond fir den Asaz vun den Zaldoten net genee benannt.

Den Trump hat dem Asaz vun der Nationalgard zu Chicago Ufank Oktober gréng Luucht ginn, ma déi demokratesch gefouert Stad hat dogéint geklot. Chicago hat virdru scho vun zwou méi niddregen Instanze Recht kritt.

Den Trump hat d’Decisioun, d’Nationalgard op Chicago ze schécken, domat begrënnt, datt d’Gewalt an der Stad géit ausuferen an datt et eng “Rebellioun” géint d’Regierung géif ginn. Domat huet de President op deels gewalttäteg Protester ugespillt, déi et zu Chicago géint dem Trump seng Massenexpulsioune gouf.

D’Nationalgard war op dem Trump säin Uerder och an enger Rei aneren demokratesch ugefouerte Stied am Asaz. Dozou zielt zum Beispill och d’US-Haaptstad Washington, ma och Los Angeles, Memphis a Portland. Och San Francisco a Baltimore krute Menacen, d’Nationalgard géif dohinner geschéckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO