Am MeeTemperaturen a Sibirien 10 Grad iwwer Duerchschnëtt

RTL Lëtzebuerg
De Mee dëst Joer goufe fir dee Mount déi héchst Temperature gemooss, zanter op der Welt d'Wieder opgezeechent gëtt.

Dat mellt e Freideg de Copernicus-Déngscht vun der EU, dee sech ëm d’Iwwerwaachung vum Klimawandel këmmert. D’Duerchschnëttstemperatur vum Mee 2020 läit 0,63 Grad iwwer der Moyenne vun de Joren 1981 bis 2010.

De gréissten Ënnerscheed zu de Virjore gouf a Sibirie gemooss, do louchen d’Temperature bal 10 Grad iwwer der Moyenne vun de leschte Joren. Op verschiddene Plazen ass d’Äis dëst Joer esou fréi geschmolt wéi nach ni. Och an engem groussen Deel vun der Arktis wier et méi waarm wéi soss.

Duerch de Klimawandel sinn op der ganzer Welt d’Temperaturen zënter dem Ufank vun dem industriellen Zäitalter méi wéi 1 Grad erop gaangen. Extrem Wiederphenomener, wéi Dréchenten, Canicullen oder Iwwerschwemmungen hunn doduerch zougeholl. Klimaexperte rechnen domadder, datt an den nächste 5 Joer d’Temperaturen op een neien Héchststand klammen.

Am Paräisser Klimaofkommes hu sech 197 Staaten dozou verflicht Äerderwiermung a Grenzen ze halen. Bis elo goufen awer nach net genuch Mesuren a Kraaft gesat, fir dëst Zil erreechen ze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO