
E Méindeg de Moien huet Thailand eng Rei Loftattacken op den Noper Kambodja lancéiert. Dat huet déi thailännesch Arméi confirméiert. Béid Säite beschëllege sech fir d’Ausléise vun de Kämpf an der Grenzregioun. Wéi den zoustännege Ministère aus dem Kambodja matgedeelt huet, wieren dobäi véier kambodjanesch Zivilisten ëm d’Liewe komm.
Dem Spriecher vun der Arméi no hätte kambodschanesch Truppen an der Provënz Ubon Ratchathani ugefaange mat schéissen, woubäi “een Zaldot ëmbruecht a véier verwonnt” gi wieren. Och BM21-Rakéite wieren op zivil Ziler geschoss ginn, wou et awer keng Affer gouf. Wéinst béide Virfäll hätt een dem Spriecher no Loftattacken op “militäresch Ziler a verschiddene Regioune” lancéiert.
Vun der anerer Säit huet déi kambodjanesch Defenseministesch Maly Socheata matgedeelt, thailännesch Forcen hätten Truppen aus dem Kambodja an der Grenzregioun attackéiert, andeems si “eng Rei Schëss mat Panzeren op den Tamone Thom Tempel” ofginn hätten. Op dës Aggressiounen hätt een awer net reagéiert, heescht et vu kambodjanescher Säit.
An der Grenzregioun sinn aktuell vill Awunner aus dem Kambodja op der Flucht. An Thailand wiere bis elo 35.000 Leit evakuéiert ginn, heescht et vun der AFP.
Am Summer waren d’Tensiounen tëscht béide Länner eskaléiert. 43 Mënsche si bannent fënnef Deeg ëm d’Liewe komm, éier zesumme mat den USA, China a Malaysia ee Friddensaccord mat enger Wafferou ënnerschriwwe gouf. Dësen Deal huet Thailand viru ronn engem Mount awer suspendéiert, nodeems eng Landminn eng Rei Zaldote blesséiert hat.