Belsch AtomzentralenTihange 2 an Doel 3 solle bis spéitstens 2025 ofgeschalt ginn

RTL Lëtzebuerg
Dat géif aus engem net-ëffentlechen Accord vun der belscher Regierung ervirgoen, wéi de "Westdäitsche Rundfunk" mellt.

Dësen Accord géif zwar och virgesinn, dass verschidde Wierker bei Energie-Enkpäss nach kéinte méi laang lafen, ma dozou géifen Tihange 2 an Doel 3 net gehéieren. Am September hat e belscht Geriicht eréischt decidéiert, dass Tihange 2 dierft weider um Netz bleiwen, obscho sougenannt Micro-Fissuren am Reakter fonnt gi waren. Geklot haten eng Rei Gemengen a Stied aus der däitsch-hollännesch-lëtzebuerger Grenzregioun.

Back to Top
CIM LOGO