
Bei de Gréngen heeschen d’Fraktiounscheffen Terry Reintke a Bas Eickhout, d’Spëtzekandidaten aus der Campagne also.
Da goufen déi 6 Vize-Presidenten designéiert, wou ënnert anerem och den aktuelle litaueschen Ëmweltkommissär Virginijus Sinkevicius op esou e Poste bannent der grénger Fraktioun promouvéiert gouf.
Net an d’Fraktiounspresidence gewielt, goufen d’Lëtzebuerger EU-Deputéiert Tilly Metz an d’Belsch Sara Matthieu, well si net genuch Stëmme kruten.
Am neien EU-Parlament zielt déi Gréng/EFA-Fraktioun nach 53 Deputéiert vun de 720 Vertrieder am Plenum, dat sinn der bal 20 manner wéi déi lescht Sessioun. Bei den Europawale kruten déi Gréng nach 7,4% vun de Stëmmen.