
Hannergrond vun där Decisioun si juristesch, mee och politesch Bedenken. D’EU-Parlament wëll kläre loossen, ob de Mercosur-Accord konform mat den EU-Verträg ass. D’Majoritéit vun den Deputéierten huet sech e Mëttwoch fir eng juristesch Klärung ausgeschwat, ier eng definitiv politesch Decisioun geholl gëtt. Dorënner och d’Lëtzebuerger EU-Deputéiert Tilly Metz a Fernand Kartheiser. Déi gréng EU-Deputéiert seet et wier naiv an onverantwortlech géigeniwwer den nächste Generatiounen e schlechten Handelsaccord anzegoen: “Elo exportéieren d’Mercosur-Länner scho gréisstendeels a China. Ze mengen e schlechten, almoudeschen, net nohaltegen Handelsaccord géif dat änneren, dat ass och schlicht naiv!”
Greenpeace Lëtzebuerg begréisst dës Decisioun a betount an engem Schreiwes op en Neits, datt den Accord an hiren Aen eng direkt Menace fir den Amazonas, d’Klima an d’Rechter vun den indigeene Vëlker wier.
Fir d’Landwirtschaft an der EU bedeit d’Decisioun vum EU-Parlament eng kuerzfristeg Entlaaschtung. Landwirtschaftsorganisatiounen hu laang drop higewisen, datt Importer vu Rëndfleesch oder Agrarproduiten aus de Mercosur-Länner zu onfairer Konkurrenz kéinte féieren, well do aner Ëmwelt- a Produktiounsstandarde gëllen.
D’Export- a Wirtschaftsvertrieder gesinn d’Decisioun dogéint kritesch. D’Fedil huet e Mëttwoch via Communiqué reagéiert. D’Lëtzebuerger Industrielle-Federatioun schwätzt vun onnéidegem Retard. D’konomesch a geopolitesch Konsequenze wieren net ofzegesinn.
Den Europäesche Geriichtshaff wäert elo analyséieren, ob den Accord juristesch problematesch ass oder net. Seng Stellungnam kéint decisiv Weiche fir d’Zukunft vum Mercosur-Accord an och fir all aner zukünfteg EU-Handelsaccorde stellen.