
Dat lescht Joer nach konnt sech den deemolege Presidentschaftskandidat respektiv President-elect iwwer den Titel vun der “Persoun vum Joer” freeën. Dëst Joer sollt him d’Verdeedege vum Titel awer net geléngen. De prestigiéisen Titel geet fir 2025 u méi wéi eng Persoun an zwar un déi Leit, déi hannert der Technologie vun der Kënschtlecher Intelligenz stinn. Et ass déi éischte Kéier zanter 2006, datt de bekannte Magasinn en technologeschen Ëmbroch op dës Aart wierdegt.
Dës Editioun huet esouguer zwee verschidde Cover. Eng Kéier gesäit een all d’"Architects of AI” zesummen op engem Stolträger sëtzen, inspiréiert vun der bekannter Foto “Lunch atop a Skyscraper” aus dem Joer 1932. Um zweete Bild gesäit een déi selwecht Persounen op engem Gerüst stoen, wéi wa si d’KI wéi en Haus géifen zesummebauen.
Op den zwee Cover erkennt een ënner anerem den Jensen Huang vun Nvidia, den Elon Musk vun xAI, de Sam Altman vun OpenAI, de Mark Zuckerberg vu Meta, den Demis Hassabis vun DeepMind, d’Lisa Su vun AMD, den Dario Amodei vun Anthropic an d’KI-Fuerscherin Fei-Fei Li vun der Stanford University.