Vakanzesaison agelautTouriste kënnen nees ouni Aschränkungen a Griicheland reesen

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg un dierf een nees aus 30 Länner a Griicheland areesen. Am internationale Verglach hat d'Land relativ wéineg Corona-Fäll.

No wochelaangen Aschränkunge wéinst der Corona-Pandemie huet de griichesche Ministerpresident Kyriakos Mitsotakis d’Vakanzesaison agelaut. “De griicheschen Tourismus ass zeréck”, huet et e Samschdeg geheescht.

Vun e Méindeg un dierf een deemno nees aus 30 Länner ureesen, et muss ee sech awer u streng Ofstand-Reegelen halen. “Mir wëllen, dass d’Visiteure sech hei sécher fillen”, sou nach de Mitsotakis. Säin Uleies wier et net, Griicheland zur Reesdestinatioun Nummer 1 an Europa ze maachen, mä zur sécherster. Am internationale Verglach huet Griicheland relativ wéineg Corona-Fäll notéiert, landeswäit sinn 183 Mënschen un de Suitte vun enger Infektioun gestuerwen.

D’Auswierkunge vun der Pandemie hätt en enormen Impakt op d’Tourismusindustrie vum Land. Et gëtt sech just e Brochdeel vun den normalerweis 33 Milliounen Touristen erwaart, déi all Joer a Griicheland kommen. Et kéint een och elo nach net soen, wéi grouss den Afloss tatsächlech op de PIB vum Land wier.

E Méindeg ginn elo mol d’Fluchhäfe vun Athen an Thessaloniki fir international Flich aus ronn 30 Länner op. Déi aner Regionalfluchhäfen sollen den 1. Juli nees operativ ginn.

Back to Top
CIM LOGO