Geschwë 4 Joer laang Krich an der UkrainTrotz internationaler Ënnerstëtzung bleift d'humanitär Situatioun ugespaant

Chris Meisch
Zënter dem Ufank vum Krich hu si an der Ukrain 326.000 Mënschen evakuéiert a méi wéi eng hallef Millioun Leit krute gehollef.
© MYKOLA MIAKSHYKOV/NurPhoto via AFP

D’Situatioun gëtt vu Joer zu Joer méi schwiereg, heescht et vum ukrainesche Roude Kräiz. Ee vun de gréisste Problemer am Land bleift déi psychosozial Situatioun vun der Bevëlkerung, déi zanter Joren ënner Krich, Verloscht an dauerhafter psychologescher Belaaschtung läit.

D’Zerstéierung an de Misär, déi duerch de Krich an der Ukrain verursaacht ginn, beaflosse weider all Aspekter am Liewe vun der ukrainescher Bevëlkerung. Vill vun de Millioune Mënschen, déi aus der Ukrain geflücht sinn, kënnen net méi zréckkommen, an déi, déi nach do sinn, si mat schlëmmen Zoustänn konfrontéiert: limitéierten Zougang zu Waasser, Heizung, Gesondheetsversuergung an aneren essentielle Servicer. Et gëtt de schwéierste Wanter, dee mir jee haten, seet de Maksym Dotsenko, Generaldirekter vum ukrainesche Roude Kräiz. D’Situatioun géing vu Joer zu Joer méi schwiereg ginn an d’Bedierfnesser wieren esou grouss, datt ee se net méi all ofdecke kéint.

“U verschidde Saache kann ee sech net gewinnen. Mir léieren, wéi een ouni Elektresch liewe kann. Mee wat nach vill méi schlëmm ass, ass d‘Hëtzen. Wann et wéi elo, bëssen ënner 5 Grad ass, ass et ok. Mee wann et -10 Grad sinn, kënnt dir iech virstellen, datt 15 Stonnen ouni Heizung an ärem Appartement ee Problem wäert ginn. Ee weidere Problem ass d‘Waasser. Keen Elektresch, keng Heizung, kee Waasser.”

Et wier natierlech wansinneg schwéier fir d‘Leit, fir an esou enger Situatioun ze liewen, si wiere sech awer bewosst, dass se keng aner Optioun hunn, wéi sech esou gutt wéi méiglech un d‘Situatioun unzepassen. Nieft der materieller Nout bleift virun allem d’psychosozial Situatioun vun der Bevëlkerung, ee vun de gréisste Problemer am Land. De ganze Krich mat all sengen Auswierkungen géif ee Foussofdrock op der mentaler Gesondheet vun all de Leit hannerloossen.

“Souguer wann s du mengs, du wiers net betraff, bass du et iergendwéi awer. Léi dech net selwer un. All Famill an der Ukrain, all Persoun, vu klengem Kand bis eeler Leit, ass iergendwéi mam Krich verbonnen. Sief et dass een an der Famill ëmkomm ass, een huet een aneren am Krich ëmbruecht, verschiddener verléieren hiert Doheem, anerer goufe verdriwwen. Deng Frënn, deng Familljememberen, et betrëfft jiddereen.”

Ee vun de gréisste Problemer vum ukrainesche Roude Kräiz ass d’Sécherheet vun hiren Ekippen, déi ni wierklech garantéiert ass. Si zielen zu deenen Éischten, déi op déi betraffe Plaze kommen, fir Hëllef ze leeschten a gesinn zanter bal 4 Joer, Dag fir Dag, wéi de Krich ëmmer méi Leed an d’Land bréngt an dacks sti si selwer ënner Beschoss.

“6 Fräiwëlleger vum ukrainesche Roude Kräiz sinn dëst Joer ëm d’Liewe komm, méi wéi 23 Büroe goufen zerstéiert oder beschiedegt. Et ass eng ganz geféierlech Aarbecht, obwuel mir vum Logo vum Roude Kräiz geschützt sinn. Dacks gi mir vun héichspezialiséierten Dronen ugegraff. Et huet de Krich e bëssen geännert, mee gläichzäiteg huet et d’Liwwerung an d’Sécherheet vun eise Mataarbechter zolidd impaktéiert.”

D’Rout Kräiz géing sech net op en eventuelle Friddensaccord tëscht Russland an der Ukrain astellen. Au contraire, si géinge sech ëmmer op déi schlëmmst méiglechst Situatioun preparéieren, heescht et nach vum Generaldirekter vum ukrainesche Roude Kräiz. Doriwwer eraus betount de Maksym Dotsenko, dass een ouni de Support an d’Solidaritéit vun anere Länner, net genuch humanitär Hëllef kéint leeschten.

Lëtzebuerg wier ee wichtege Partner, sou nach de Generaldirekter, deen d‘Ukrain virun allem mat sougenannte “Shelter-Projects” ënnerstëtzt, wou speziell Schutzraim opgebaut ginn, déi der Bevëlkerung bei Ugrëff Schutz bidden.

Back to Top
CIM LOGO