
U sech war se scho fir Ufank Mee geplangt, mä opgrond vun der Pandemie verréckelt ginn.
Ënnert dem Lead vum russesche President Putin wäerten dëse Mëttwoch méi wéi 13.000 Zaldoten op der Rouder Plaz am Zentrum vu Moskau defiléieren, nieft aktuellen an historesche Krichsmaschinnen a Militär-Gefierer.
Als offiziell Staatsgäscht sinn ënnert anerem héich Vertrieder aus Wäissrussland oder China mat derbäi. D’Infektiounszuelen a Russland ginn iwwregens nach ëmmer weider an d’Luucht, firwat d’Oppositioun der Regierung d’Ofhalen vun där Parad virgehäit.