Epstein-AktenTrump am Fokus vun neie Publikatiounen, Regierung betount Onschold vum US-President

AFP, iwwersat vun RTL
Ënner anerem ass an den neien Akten ze liesen, datt den Donald Trump gäre "jonk an attraktiv Meedercher begrapscht" hätt.
© MANDEL NGAN/AFP

An den neien Akten iwwert de verstuerwene Sexualstroftäter Jeffrey Epstein, déi d’US-Regierung verëffentlecht huet, schéngt den US-President Trump belaascht ze ginn. An engem Bréif, dee vum Epstein geschriwwe soll gi sinn, steet ze liesen, datt den Trump gäre “jonk an attraktiv Meedercher” begrapscht. Den US-Justizministère huet den Dënschdeg awer d’Onschold vum President betount a vu “onwouere Behaaptungen, déi op Sensatioun aus waren” geschwat. Dës tauchen op verschiddene vun de bal 30.000 Säiten op.

Kloer Indicen op e kriminellt Verhale vum US-President gëtt et an deenen Akten, déi AFP-Journaliste konnte liesen, net. Verschidde vun de Schrëftstécker, Videoe a Fotoen wier awer “brisant” Material. Dozou gehéiert een op der Hand geschriwwene Bréif, wuel vum Epstein verfaasst gouf, deen un den Larry Nassar, de fréiere Sportsdokter vun der US-Nationalekipp vun den Turnerinnen, geriicht war. Den Nassar sëtzt wéinst sexuellem Mëssbrauch vu méi wéi 250 Athletinnen am Prisong.

Den Epstein beschwéiert sech kuerz viru sengem Suizid am August 2019 beim Nassar doriwwer, datt si zwee wéinst Sexualverbriechen inhaftéiert gi sinn, wärend “de President eis Virléift fir jonk, attraktiv Meedercher deelt”. Am Bréif heescht et iwwert den Trump weider: “Wann eng jonk Schéinheet laanscht goung, hat hien et gär, si ze begrapschen”. Ob d’Schreiwes wierklech vum Epstein ass, léist sech net iwwerpréiwen.

An den Dokumenter ass och eng Notiz vum Vertrieder vum New Yorker Parquet vum Januar 2020, dee géint dem Epstein seng Komplizin Ghislaine Maxell ermëttelt huet. Doran heescht et: “Aus den Ënnerlagen, déi mir gëschter kritt hunn, geet ervir, datt den Donald Trump vill méi heefeg mam Epstein sengem Privatjet gereest ass, wéi bis ewell gemellt gouf (oder eis bekannt war).

De Justizministère huet awer direkt no der Publikatioun vun den Akten Zweiwel doriwwer ausgeschwat, wéi stéchhalteg dës Akte sinn. “Verschidden Dokumenter enthalen onwouer Behaaptungen, déi op Sensatioun aus sinn, géint de President Trump.” Dës Dokumenter wiere kuerz virun de Walen 2020 un den FBI gaangen, esou de Justizministère op Twitter. “Fir et kloer ze soen: D’Behaaptungen sinn onbegrënnt a falsch. a wa si och nëmmen e bësse glafwierdeg wieren, wiere se sécherlech scho géint de President Trump als Waff agesat ginn.” De Ministère huet awer net präziséiert, ëm wéi eng Dokumenter et sech handelt.

Eréischt e Méindeg hat den Donald Trump seng Verwécklung an d’Epstein-Affär erofgespillt. “Jidderee war mat deem Mann befrënnt”, sot hien zu Reporter. Dem Trump no hätt hie Sträit mat sengem fréieren Noper Epstein kritt, nodeem dëse Meedercher a jonk Fraen, déi am Trump sengem Club Mar-a-Lago a Flordia geschafft hunn, rekrutéiert hätt.

De Finanzberoder a Millionär Epstein, dee bis an déi héchste Kreesser vernetzt war, war 2019 dout a senger Prisongszell zu New York fonnt ginn. Offiziellen Aussoen no hat hie sech ëmbruecht. Him gouf viru sengem Doud virgeworf, iwwer dausend Meedercher a Frae mëssbraucht an u Prominenter weidergereecht ze hunn.

Op de Fotoen, déi bis ewell vun der Trump-Regierung publizéiert goufen, hate virun allem de fréieren demokratesche President Bill Clinton gewisen. Och aner als Promien, déi éischter an dem “lénke” Lager ze fanne sinn, wéi de Regisseur Woody Allen, de Rolling-Stones-Sänger Mick Jagger op de Microsoft-Grënner Bill Gates, waren drop ze gesinn. E Verhalen, wat strofbar wier, war awer a kengem vun de Fäll z’erkennen.

Grondlag fir d’Publikatioun vun den Epstein-Akten war en Transparenzgesetz, wat de Kongress géint de Wëlle vum President decidéiert huet. Obwuel d’Frist, fir quasi all d’Dokumenter fräizeginn, e Freideg den Owend ausgelaf ass, hat d’Regierung als Éischt just en Deel publizéiert, an deem och nach villes geschwäerzt war. Si hunn dëst mat den héijen Oplagen zum Schutz vun den Affer begrënnt.

Bei der Publikatioun koum et awer zu komesche Situatiounen. Verschidden Dokumenter waren am Ufank op der Websäit vum Justizministère ze fannen, sinn awer dono fir kuerz Zäit nees verschwonnen. Dozou gehéieren och Fotoen, op deenen den Donald Trump ze gesi war.

D’Demokraten, déi jo aktuell an der Oppositioun an den USA sinn, hunn dem President virgeworf, sech selwer schützen ze wëllen, andeem hien d’Akten net an der gesater Frist fräigëtt. Den Chuck Schumer, Chef vun den Demokraten am Senat, hat vun “eklatanter Vertuschung” geschwat an huet rechtlech Schrëtt gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO