
Den US-President Donald Trump huet d’Grënnung vum “Friddensrot” fir d’Gazasträif bekannt ginn. Et wier de “groussaartegsten a renomméiertste Gremium, dee jee zu iergendenger Zäit op iergendenger Plaz zesummegestallt gouf”, huet den Trump en Donneschdeg op Truth Social erkläert. D’Membere vum Rot géinge geschwë presentéiert ginn.
E Mëttwoch hate sech déi radikalislamesch Palästinenserorganisatioun Hamas an d’palästinensesch Autonomieautoritéit der ägyptescher Regierung no op d’Zesummesetzung vun enger technokratescher Iwwergangsverwaltung fir d’Gazasträif gëeenegt. Un der Spëtzt vum Gremium soll de fréiere Vize-Minister vun der palästinensescher Autonomieautoritéit, den Ali Schaath, sinn. Weider Membere si bis ewell net bekannt.
Dem 20-Punkte-Plang fir d’Gazasträif no, deen am Oktober 2025 vum Trump virgestallt hat, soll d’Iwwergangsverwaltung aus Palästinenser an internationalen Experte bestoen a vum “Friddensrot”, deen den Trump selwer leede wäert, iwwerwaacht a kontrolléiert ginn. D’Iwwergangsregierung wäert fir déi deeglech Organisatioun am Palästinensergebitt responsabel sinn. Am Plang vun den USA ass ausserdeem virgesinn, datt eng International Stabiliséierungstrupp an d’Gazasträif geschéckt gëtt.
Zanter dem 10. Oktober gëllt an der Gazasträif eng fragil Wafferou tëscht der Hamas an Israel. Béid Säite reprochéiere sech allerdéngs ëmmer nees Verstéiss géint den Accord.
Am Oktober 2023 haten Hamas-Kämpfer an alliéiert Milizen Israel iwwerfall an iwwer 1.200 Leit ëmbruecht. Eng 250 Leit goufen als Geiselen an d’Gazasträif verschleeft. Am Krich, deen doduerch ausgeléist gouf, sinn der Hamas no iwwer 70.000 Leit ëm d’Liewe komm.