De 4. Juli, den Dag vun der amerikanescher Onofhängegkeet, gehéiert zu den gréissten Evenementer an den USA. E Mier aus blo-wäiss-roude Fändelen, Grillfester, also déi beléift BBQ’en, Picknicker, Freedefeier a Paraden. Alles dat gëtt et a ville Bundesstaaten dëst Joer net. Texas, Florida, Kalifornien... uechter d’ganz Land goufen Evenementer ofgesot, Stränn a Bare maachen zou.

Ee wëll sech d’Party-Stëmmung awer net futti maache loossen. De President Donald Trump feiert direkt zweemol. Fir d’éischt um Virowend beim historeschen Mount Rushmore am Bundesstaat South Dakota, do wou déi véier Käpp vun de Presidenten Washington, Jefferson, Lincoln an Roosevelt an de Granit gemeesselt sinn.

Dausenden Zuschauer ware bei der Ried vum President dobäi, nëmme wéineg vun hinnen haten eng Schutzmask un.
Déi éischte Kéier zanter 20 Joer gouf et och nees e Freedefeier, trotz Protester vun Ur-Awunner an Ëmweltschützer.
An senger Ried huet den Donald Trump keen versönlechen Toun ageschloen an d’Demonstranten vun den Anti-Rassismus-Protester attackéiert.
Et wier eng “gnadenlos Campagne fir eis Geschichte auszeradéieren” am gaangen. “Eng opbruechte Masse vu Leit” géinge versichen d’Statuen vun de Grënner vun den USA vum Sockel ze huelen. Dat “staarkt an houfregt” amerikanescht Vollek wäert sech awer seng Kultur a Geschicht net ewechhuele loossen, esou den Trump weider.
Um Independence Day selwer feiert den Trump mat engem giganteschen Freedefeier op der National Mall zu Washington.
Vill lokal Autoritéiten uechter d’USA maachen den Appell un d’Awunner: feiert mat Ärer Famill a bleift doheem!
Um Freideg huet d’New York Times iwwerdeems gemellt, dass dem Donald Trump Jr seng Frëndin, d’Kimberly Guilfoyle positiv op de Coronavirus getest gouf. Si sollt am Fong beim President Trump senger Ried zu South Dakota dobäi sinn, gouf awer elo isoléiert. Den Donald Trump Jr gouf iwwerdeems negativ getest, ma aus Sécherheetsgrënn huet hien all seng Rendez-vousen ofgesot an huet sech selwer ënner Quarantän gesat.

