
Op Twitter verlaangt den Trump, dass de Biden sech entweder virum oder nom geplangten TV-Duell um Dënschdeg teste léisst. Den Trump begrënnt seng Fuerderung no engem Doping-Test domadder, dass dem Biden seng Optrëtter an der Ëffentlechkeet “rekordverdächteg onausgeglach” wieren.
“Nëmme Medikamenter kënnen esou eng Diskrepanz verursaacht hunn”, erkläert den Trump, ouni awer dofir konkret Beweiser ze nennen.
Schonn am August hat den Trump esou en Test an d’Spill bruecht an verséchert elo, hien selwer géing esou en Test maachen.
