Corona an den USATrump gesäit héich Fall-Zuel als Auszeechnung fir gutt Tester

RTL Lëtzebuerg
Den US-President huet sech positiv driwwer geäussert, dass et an den USA iwwer 1,5 Milliounen nogewise Corona-Fäll ginn.

Den Donald Trump gesäit et deemno net als “schlecht Saach”, dass et esou vill nogewisen Infektiounen am Land ginn. “Ech gesinn et a gewësser Hisiicht als eng gutt Saach, well et bedeit, dass eis Tester vill besser sinn”, sou den Trump. “Ech gesinn et als Auszeechnung, wierklech, et ass eng Auszeechnung.” Wann een, wéi an den USA, bal 14 Millioune Mënschen test, da fënnt een och méi Fäll.

Iwwerdeems verdeedegt den Donald Trump seng Decisioun d’Malaria-Medikament Hydroxychloroquin aus prophylaktesche Grënn geholl ze hunn: “Et gëtt engem eng zousätzlech Mooss u Sécherheet”, sot hien am US-Kongress viru Journalisten. “Dat ass eng individuell Decisioun”. Hydroxychloroquin wier e getestent Medikament a géif net schueden.

Den US-President hat jo e Méindeg erkläert, zanter annerhallwer Woch d’Malaria-Medikament ze huelen, obschonn et keng wëssenschaftlech Prouf dofir gëtt, dass et iwwerhaapt wierkt am Zesummenhang mam Coronavirus. D’Medikament géif awer de Risk vu liewensgeféierlechen Häerzrhythmus-Stéierungen erhéijen.

Back to Top
CIM LOGO