
Den Donald Trump hätt de chinesesche Leader Xi Jinping ëm Hëllef gefrot, fir d’Walen dëst Joer ze gewannen. Dëst schreift de fréiere Sécherheetschef John Bolton. Säin ugekënnegt Skandalbuch iwwert den Donald Trump ass nach net eraus, ma och elo schonn, virun der Publikatioun, huet et an de Medie fir vill Opreegung gesuergt. Amerikanesch Medien, wéi zum Beispill d’New York Times, hu schonn Detailer zum Buch verëffentlecht: de Bolton géif schreiwen, den Donald Trump wier inkompetent an hätt dacks säin Amt mëssbraucht.
Den Trump géif bei der Aussepolitik nëmmen u säi Succès bei de Walen denken, net un geopolitesch Problemer, sou de Bolton an der New York Times. De leschte Juni hätt den Trump mam Xi Jinping iwwer d’US-Wale geschwat an de chinesesche President ëm Hëllef bei de Wale gefrot. Et wier em d’chinesesch Landwirtschaft gaangen, wéi een Impakt de Marché vu Sojabounen a China op d’Sojaproduktioun an den USA hätt an doduerch och op Walresultater a Walverspriechen.
Donieft kritiséiert de Bolton, datt et am Wäissen Haus normal wier, d’Justiz ze ëmgoen. Hien hätt dem Justizminister William Barr dëst och weiderginn. Den Trump géif en plus vill wichteg Saachen net wëssen. En hätt zum Beispill gefrot, ob Finnland zu Russland gehéiere géif an et wier him eescht gewiescht, wéi hien ugekënnegt hat aus der NATO auszetrieden.
Den Donald Trump huet scho getweet, den John Bolton wier een Iesel an d’Buch wier voller Ligen a fake Geschichten.
D’Wäisst Haus wëll géint d’Verëffentlechung vum Buch kloen, well de Bolton wéilt geheim Informatiounen erausginn. D’Editiounshaus huet dëst kritiséiert, et wéilt ee just Kritiker vum President kléng halen. D’Buch mam Numm “The Room Where it Happenend”, also d’Zëmmer an deem et geschitt ass, hätt scho sollen am Mäerz erauskommen. Elo hätt et sollen en Dënschdeg publizéiert ginn. De Justizminister William Barr huet kritiséiert, dat de Bolton sech net un de Prozess vum Wäissen Haus gehalen hätt, ier esou ee Buch soll verëffentlecht ginn.