Am Fall vun Handelsofkommes mat ChinaTrump menacéiert Kanada mat "100% Douanestaxen" op kanadesch Importer

AFP, iwwersat vun RTL
Sollt Kanada en Handelsofkommes mat China ënnerschreiwen, géif d'USA hirem President no mat Stroftaxe reagéieren.
Den US-President Donald Trump an den kanadesche Premier Mark Carney hate béid um Weltwirtschaftsforum zu Davos eng Ried gehalen.
Den US-President Donald Trump an den kanadesche Premier Mark Carney hate béid um Weltwirtschaftsforum zu Davos eng Ried gehalen.
© MANDEL NGAN FABRICE COFFRINI/AFP

Den Donald Trump huet e Samschdeg “100 Prozent Douanestaxen” fir kanadesch Importer an d’USA annoncéiert, sollten déi nërdlech Nopere vun de Vereenegte Staaten an Handelsofkommes mat China ënnerschreiwen. Kuerz virdrun hat Ottawa annoncéiert, datt een e Viraccord mat Peking déi leschte Woch fonnt hätt.

Wann de kanadesche “Gouverneur Mark Carney mengt, hie misst aus Kanada en Depot maachen, fir datt China seng Wueren a Produiten an d’USA ka schécken, dann iert hie sech gewalteg”, esou den US-President op Truth Social.

De Republikaner kéint Douanestaxen an Héicht vun “100 Prozent” aféieren an esou de Präis vu Wueren, déi aus Kanada an d’USA kommen, verduebelen.

Zanter senger zweeter Amtszäit virun engem Joer huet den Donald Trump et ëmmer nees op den nërdlechen Noper ofgesinn. Ënner anerem hat hie jo schonn driwwer geschwat, Kanada z’annektéieren an dorausser den 51. Bundesstaat ze maachen. Och war Kanada eent vun den éischten Ziler vum Trump sengem Wirtschaftskrich. D’Majoritéit vun de Wueren, déi tëscht Kanada an den USA hin an hier ginn, sinn aktuell nach vun Douanestaxe befreit, esou datt den US-President awer nach zum gréissten Deel de Fräihandelsaccord tëscht béide Länner respektéiert.

Ma seng Menacë kommen ëmmer dann erëm, wann d’Relatioun tëscht béide Länner e klenge Coup kritt. Rezent hat den Trump d’Ried vum Mark Carney um Weltwirtschaftsforum wéineg appreciéiert. De Carney war hei dorobber agaangen, datt déi aktuell Weltuerdnung bréckelt an dat et un der Zäit wier, datt déi “mëttelstaark Forcë” sech zesummendinn, fir dogéint virzegoen, datt déi militäresch a wirtschaftlech staark Muechte just hir eegen Interessien duerchsetzen. Dorobber hat den Donald Trump just geäntwert, datt Kanada “just wéinst den USA” géif existéieren.

China wäert Kanada réi iessen, komplett schlécken, an dobäi hir Entreprisen, hir Sozialstruktur, an hire Liewensstandard komplett zerstéieren”, esou den Trump a sengem Message e Samschdeg. Déi lescht Woch war de Mark Carney a China gereest, wou hien en “historesche Viraccord” ënnerschriwwen huet, deen “als Zil huet, fir kommerziell Hürden ze eliminéieren an d’Douanestaxen” mat Peking ze reduzéieren. De Carney huet an deem Kader och ënnerstrach, datt et wichteg wier, fir d’Ofhängegkeet vum groussen Noper am Süden, deen de gréisste Handelspartner vu Kanada ass, ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO