
De Geriichtsprozess géint den Donald Trump wéinst presuméiertem Walbedruch fänkt méi spéit u wéi geplangt. Een neien Datum ass nach net bekannt. Déi responsabel Riichterin Tanya Chutkan huet erkläert, si géing waarden, bis de Fall zeréck bei hirem Geriicht wier. Hannergrond fir d’Ännerung sinn nach oppe juristesch Froen an dësem Fall.
Donald Trump an 13 Punkten ugeklot
Bei de Presidentiellen 2020 hat sech de spéidere Gewënner Joe Biden ënnert anerem am Bundesstaat Georgia géint den Trump duerchgesat, allerdéngs nëmme ganz knapp. Den Trump soll duerno versicht hunn, d’Resultat vun de Walen 2020 awer nach ze dréien. Schlussendlech koum et jo an deem Kader zum Ugrëff op d’Kapitol. Elo gëtt him ënnert anerem Conspiratioun géint d’USA reprochéiert. Den Donald Trump riskéiert am Fall vun enger Verurteelung eng Prisongsstrof.
D’Affekote vum Trump hate fir en Optakt vum Prozess am Joer 2026 plädéiert. Dat wier laang Zäit no den US-Presidentschaftswalen am November dëst Joer, wou den Trump nees fir d’Republikaner untrëtt.