
Den US-President huet an der Schwäiz d’Grënnungsdokument vu sengem sougenannte “Friddensrot” ënnerschriwwen. “Häerzleche Gléckwonsch, President Trump, d’Charta ass elo a Kraaft getrueden an de Friddensrot elo eng offiziell international Organisatioun”, sot seng Spriecherin Karoline Leavitt, wéi den Donald Trump um Bord vum Weltwirtschaftsforum zu Davos, an der Presenz vu weidere Grënnungsmemberen, d’Pabeieren ënnerschriwwen huet.
Staats- a Regierungscheffen aus 21 Länner hunn d’Dokument gläich mat ënnerzeechent: Argentinien, Ungarn, Bahrain, Marokko, Armenien, Aserbaidschan, Belarus, Bulgarien, Indonesien, Jordanien, Kasachstan, Kosovo, Pakistan, Paraguay, Katar, Saudi-Arabien, Tierkei, Vereenegt Arabesch Emirater, Vietnam, Usbekistan an d’Mongolei. Den Donald Trump wäert de Virsëtzende si vun dësem Rot, iwwer Memberen decidéieren an zu all Zäit e Vetorecht hunn. Kritiker soen, hie géing domat eng Alternativ zur UNO schafe wëllen. De Gremium soll dem US-President senge Virstellungen no international Konflikter bäileeën.

Am Ganze solle vun de 50 Staaten, déi eng Invitatioun kritt hunn, 35 zougesot hunn. Refuséiert hunn direkt Frankräich an Norwegen. Groussbritannien huet Zweiwel, Däitschland wëllt d’Aluedung préiwen, well si wieren eigentlecht erkläert Ënnerstëtzer vun de Vereenten Natiounen. De Wladimir Putin sot, Russland wier bereet, fir de gefrote Präis vun enger Milliard Dollar als permanente Member bäizetrieden. Awer just, wann dat Geld aus den an den USA agefruerene russesche Gelder kéim. Wien dee Montant net bezuele wëllt, huet just d’Recht op dräi Joer Memberschaft.
Ursprénglech war de “Friddensrot” als Deel vun der zweeter Phas vum US-Plang fir d’Gazasträif virgestallt ginn, an deem ënnert anerem déi islamistesch Hamas desarméiert sollt ginn. An der Charta gëtt d’Palästinensergebitt awer elo net méi erwäänt. Trotzdeem huet den US-Ausseminister bei der Zeremonie betount, dass de Schwéierpunkt vun deem neie Gremium “an éischter Linn dorop läit, de Fridden an der Gazasträif op Dauer sécherzestellen”. Den Trump huet widderholl, dass d’Hamas hir Waffe sollen ofginn, anerefalls wier dat “hiert Enn”.
Den neie Gremium soll also bei internationale Konflikter intervenéieren a se op en Enn bréngen. Laut Charta stéing de “Friddensrot” ausdrécklech a Konkurrenz zu de Vereenten Natiounen. Mëttlerweil gëtt den Donald Trump op der X-Säit vum Wäissen Haus schonn als “Peace President” betitelt.