
No der brutaler Reaktioun vum iranesche Regimm géint d’Demonstranten am eegene Land huet den US-President Donald Trump annoncéiert, alleguer d’Gespréicher mat der Regierung an Teheran bis op Weideres auszesetzen. “Iranesch Patrioten demonstréiert weider! Iwwerhuelt Är Institutiounen”, heescht et vum amerikanesche Staatschef op senger Social-Media-Plattform Truth Social. Den iranesche Regimm wäert en héije Präis bezuelen, heescht et do weider. Ausserdeem huet den Donald Trump matgedeelt, dass Hëllef ënnerwee wier. Wat dat awer genee bedeit, ass den Ament nach onkloer.
An der EU respektiv an Europa hunn iwwerdeems eng Partie Ausseministèren den iranesche Botschafter an hirem Land zitéiert. Dat war ënner anerem a Frankräich, Dänemark a Groussbritannien de Fall.
Am Iran selwer wäerte sech iwwerdeems déi éischt Demonstrante viru Geriicht musse veräntwerten. Den iranesche Parquet hätt géint eng Partie Persoune Plainte gemaach, heescht et vun der iranescher Noriichtenagence Tasnim. Verschiddener vun hinne solle sech wéinst “Féiere vun engem Krich géint Gott” musse veräntwerten. Eng Dot, déi am Iran mam Doud ka bestrooft ginn.
Wäit ausernee ginn iwwerdeems d’Zuele vun den Doudesaffer, déi aus dem Iran gemellt ginn. D’Mënscherechtsorganisatioun “Hengaw”, déi hire Sëtz an Norwegen huet, mellt 2.500 Affer. D’Organisatioun “Iran Human Rights”, déi hire Sëtz och an Norwegen huet, schwätzt dogéint vun op d’mannst 734 Doudegen.