Uschlag verhënnertTrump soll a Viséier vu Pakistaner gestanen hunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'USA um Dënschdeg matgedeelt huet, konnt en Uschlag verhënnert ginn, bei dem ënnert anerem de fréien US-President Donald Trump am Viséier stoung.

E Pakistaner, deen a Relatioun mam Iran stoe soll, soll Pläng gehat hunn, verschidde Regierungsbeamte vun den USA ëmzebréngen. Domat wollt de Mann den Doud vum iranesche General Quassem Soleimani rächen, deen 2020 bei engem Loftugrëff vun den USA am Irak gestuerwen ass.

De 46 Joer ale Pakistaner war am Abrëll an d’USA agereest, soll d’Attentater du geplangt hunn a konnt vum FBI festgeholl ginn, wéi hien d’Land rëm verloosse wollt. De Mann soll eng Partie Optragsmäerder getraff hunn, dës waren a Wierklechkeet awer Ermëttler vum FBI.

De Justizministère wollt net soen, géint wien d’Attacke geplangt waren. Den US-Sender CNN zitéiert awer eng Quell aus der Regierung, déi sot, dass ënnert anerem den Donald Trump an aner fréier Regierungsmembere sollen am Viséier gewiescht sinn.

Back to Top
CIM LOGO