
Um internationale politesche Plang war ee vun den éischte grousse Rendez-vouse vum Joer sécherlech déi zweet Inauguratioun vum US-President Donald Trump den 20. Januar. Knapps am Amt, krut d’Europäesch Unioun an domat och Lëtzebuerg schonn ze spieren, wat “America First” an der Aussen- an Handelsolitik kéint bedeiten. No enger Analys vun den Handelsbezéiungen, koum den Donald Trump nämlech zu der Conclusioun, dass den US-Handelsdefizit mat der EU ze héich wier. D’Fairness an den Handelsbezéiungen, wollt hien iwwer Stroftaxen nees hierstellen, déi et fir europäesch an domat och Lëtzebuerger Produite méi schwéier sollte maachen, op den amerikanesche Marché ze kommen.
Deen Ament huet sech deementspriechend d’Fro gestallt, wéi eng Repercussiounen esou Taxen op d’Lëtzebuerger Entreprisë kéinten hunn. An eisem Gespréich huet den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen d’Wichtegkeet vum US-Marché fir Lëtzebuerg duergeluecht, huet awer och betount, dass et wichteg wier, e kille Kapp ze behalen.
An Europa gouf et den 23. Februar op politeschem Plang eng éischte Kéier richteg spannend. Virum Hannergrond vun enger Dräierkoalitioun, déi un hiren Differenze bei der Budgets- a Wirtschaftspolitik zerbrach ass an enger AfD, déi mat vill Réckewand aus de Landtagswalen a Sachsen, Thüringen a Brandenburg koum, gouf an Däitschland en neit Parlament gewielt. Eng Wal, déi ech um Waldag mat engem Liveticker begleet hunn.
Och, wann d’Walgewënner mat CDU an AfD séier feststoungen, ass et awer bei der Fro, ob d’FDP an de BSW et nach an de Bundestag packen, bis owes spéit respektiv den Dag drop spannend bliwwen. Um Enn sollte béid Parteien et net packen. Duerch den Echec vum BSW war dann och kloer, dass eng Koalitioun aus den Uniounsparteien an der SPD eng Majoritéit am Parlament hätt.
Ugangs Mäerz goung et da fir néng Deeg op Austin an Texas. Ma och wärend dëser privater Rees huet sech d’Geleeënheet fir en Interview erginn. Iwwer e Kolleeg hunn ech d’Vicky Whipple kennegeléiert. Zesumme mat hirer Schwëster Carole huet d’Lëtzebuergerin mat amerikanesche Wuerzelen zu Fredericksburg eng 130 Kilometer westlech vun Texas mat der “Der Daiwel Rock Bar” e Café fir Rock- an Heavy-Metal-Musek opgemaach. An engem entspaante Gespréich huet si mir erkläert, wéi et zu hirer Decisioun komm ass, dem séchere Liewen zu Lëtzebuerg de Réck ze dréien a sech den Dram vum Liewen an den USA ze erfëllen.
Knapps zeréck zu Lëtzebuerg, huet den Donald Trump dann nees op sech opmierksam gemaach. Seng Fuerderung, dass d’USA d’Kontroll iwwer Grönland sollen iwwerhuelen, huet international a virun allem bei den europäesche Partner fir Irritatioun gesuergt. An eisem Gespréich huet de Politikwëssenschaftler Manuel Fröhlich vun der Universitéit Tréier erkläert, dass den US-President mat senger Fuerderung wichteg Prinzippie vun der internationaler Uerdnung a Fro stellt. De Politolog huet awer och duergeluecht, firwat Grönland aus ekonomescher a geopolitescher Perspektiv fir d’USA interessant ass.
Enn Juni war dann an der nationaler Politik ee vun de wichtegste Rendez-vouse vum Joer. De Front syndical aus OGBL an LCGB ass den 28. an der Stad op d’Stroosse gaangen, fir géint d’Pläng vun der Regierung a Saache Pensiounsreform ze protestéieren. Wärend d’Gewerkschafte vun iwwer 25.000 Participante geschwat hunn, huet d’Police der tëscht 12.000 a 14.000 gezielt. Ma Um Enn waren et genuch Leit, fir dass de Premierminister Luc Frieden am Interview mat RTL sot, dass hien de Message verstanen hätt: D’Regierung misst d’Saach besser maachen.
Juli an August sinn dann déi traditionell Vakanzeméint. Ma och an deene kann et Mol ongemittlech ginn, wéi d’Passagéier vum Croisièresschëff “‘MSC World Europa” gewuer goufen. Si houngen nämlech wéinst engem Problem mat der Stroumversuergung vum Schëff eelef Stonne virun der italieenescher Insel Ponza um Mëttelmier fest. Eng Fra aus dem Grand-Duché hat RTL erzielt, wéi si d’Situatioun u Bord erlieft huet.
Den 8. an den 9. September huet den Hierscht sech da mat voller Wucht zu Lëtzebuerg annoncéiert. Bannent e puer Stonne war esou vill Reen gefall ewéi soss bannent engem ganze Mount. Eng Alerte rouge, Héichwaasserwarnungen an iwwerschwemmte Stroosse waren d’Suite. Fir de CGDIS huet dat 298 Asätz bedeit. A fir d’RTL-Redaktioun en Aarbechtsdag, op deem d’Journalisten aus deene verschiddene Redaktiounen zesummen eng ganz Nuecht a bal ee ganzen Dag laang iwwer d’Entwécklung vun der Situatioun informéiert hunn.
Schliisslech komme mer nach eng Kéier zeréck op den internationale Plang zeréck. Mam russesche Krich an der Ukrain an dem Krich am Noen Osten ass d’Vëlkerrecht respektiv d’Erosioun vun dësem e Sujet, deen net nëmmen dëst, mä schonn zanter e puer Joer aktuell ass. An eisem Gespréich huet de Lëtzebuerger Vëlkerrechtler Michel Erpelding erkläert, dass een aktuell duerchaus vun enger Kris vum Vëlkerrecht kéint schwätzen, ma dass doran awer och eng Chance géing leien, fir d’Leit nees vun der Relevanz vum Vëlkerrecht ze iwwerzeegen an dëst ze stäerken.