No Biden-VictoireTrump widderhëlt Walbedruch-Virwërf a schwätzt weiderhi vu Victoire

RTL Lëtzebuerg
Den Donald Trump huet op Twitter d'Victoire bei den US-Walen op en Neits fir sech beusprocht a säi Reproche vu Walmanipulatioun widderholl.
Trump widderhëlt Walbedruch-Virwërf
Den Donald Trump huet op Twitter d’Victoire bei den US-Walen op en Neits fir sech beusprocht a säi Reproche vu Walmanipulatioun widderholl.

Den Donald Trump hat schonn annoncéiert seng Néierlag juristesch unzefechten an dobäi bleift et och. Seng Defaite huet de Republikaner, wéi gesot, nach ëmmer net unerkannt. Vill méi huet dem President säi Walkampfteam eng Plainte géint den Oflaf vun de Presidentiellen am Arizona deposéiert. Hei hätten eng Rei Wieler falsch Instruktioune kritt.

En offizielle Statement vum Donald Trump no der Decisioun gëtt et nach ëmmer net. De Republikaner huet just op Twitter vu sech héiere gedoen:

“D’Walobservateuren sinn net an d’Raimlechkeete vun den Auszielungen erakomm”, sou den Nach-President op Twitter. “Ech hunn d’Wale gewonnen an 71 Millioune legal Stëmme kritt. Et si schlëmm Saache geschitt, déi eis Observateuren net hunn dierfte gesinn. Sou eppes huet et nach ni ginn. Millioune vu Walziedele sinn u Leit geschéckt ginn, déi dës ni ugefuerdert hunn.”

Den Trump behaapt zanter Deeg, d’US-Wale wären op ville Plaze manipuléiert ginn. Beweiser dofir hu bis ewell awer weder hien nach seng Ekipp geliwwert.

National an international Walobservateure confirméieren d’Reprochë vu Säite vum Trump net. Bis ewell ass hinnen no alles konform ofgelaf.

Twitter huet den Tweet vum Trump op en Neits markéiert, datt eventuell Onwourechte kéinten enthale sinn.

Ganz ausgezielt ass iwwregens nach ëmmer net.

Back to Top
CIM LOGO