Lutte géint Ausgang vun US-WalenTrump zitt op en Neits virun de Supreme Court

RTL Lëtzebuerg
Obwuel d'Walleit d'Victoire vum Biden confirméiert hunn, gesäit den Nach-US-President Donald Trump seng Defaite net an.
© AFP (Archiv)

Mat enger neier Klo virum Ieweschte Geriicht versicht d’Ekipp vum Donald Trump, géint den Ausgang vun de Presidentielle virzegoen. D’Ekipp vum Nach-US-President huet matgedeelt, datt ee beim Supreme Court eng Demande agereecht huet, fir géint d’Decisioun vum Ieweschte Geriicht am US-Bundesstaat Pennsylvania virzegoen.

D’Lager vum Trump behaapt, datt d’Geriicht duerch Ännerunge bei de Bréifwale géint d’Verfassung verstouss hätt. Doduerch wär eng grouss Zuel un ongültege Stëmmen am Bundesstaat gezielt ginn.

Am November hat den Trump bei de Presidentielle géint den Demokrat Joe Biden verluer. Och eng Annulatioun vun de Stëmmen aus Pennsylvania géif näischt um Ausgang vun de Walen änneren.

Bis ewell weigert sech den Trump, seng Victoire bei de Walen unzëerkennen. Hie behaapt weiderhin, hie wär duerch massive Bedruch ëm d’Victoire bruecht ginn. Weder den Trump nach seng Affekote konnte bis ewell Beweiser fir e méigleche Walbedruch virleeën. Iwwer 50 Kloer vum Trump senger Ekipp goufe bis elo ofgewisen, zwou dovunner vum Supreme Court.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO