GéigenoffensivUkrain hëlt weidere russeschen Terrain an der Regioun Kursk an

RTL Lëtzebuerg
Mëttlerweil géif dat ukrainescht Militär schonn eng 74 Uertschaften an der Regioun Kursk kontrolléieren, esou den ukrainesche President Selenskyj.
Schied an der Regioun Kursk.
Schied an der Regioun Kursk.
© Governor of Kursk Region/AFP/-

Bannent 24 Stonne wier ee bis zu 3 Kilometer virukomm. Weider Schrëtt wieren an der Preparatioun, esou de Selenskyj, ouni weider Detailer ze nennen.

E Porte-Parole aus dem Ausseministère zu Kiew huet en Dënschdeg confirméiert, dass déi besate Gebidder dauerhaft solle besat bleiwen. Et wier wichteg fir de Russen, déi an der Ost-Ukrain kämpfen, d’Logistik an de Ravitaillement ze ënnerbriechen.

Russland kuckt awer net just no, mä plangt eng Géigenoffensiv, heescht et op d’mannst aus Litauen. Do hätt een observéiert, dass russesch Truppen aus der Enklav Kaliningrad mobiliséiert goufen. Detailer vu Moskau gëtt et net.

Déi ukrainesch Offensiv op déi russesch Regioun Kursk bréngt de russesche President Wladimir Putin politesch an d’Bredouille - et ass déi éischte Kéier zanter dem Zweete Weltkrich, datt russeschen Terrain vun enger friemer Militärmuecht besat ass.

Wéi vill russeschen Terrain antëscht vun der Ukrain kontrolléiert gëtt, ass iwwerdeems net kloer. Den ukraineschen Arméischef Oleksandr Syrsky huet e Méindeg vu “bal 1.000 Quadratkilometer” geschwat, wärend de russesche Gouverneur vun der Regioun éischter vu ronn 480 Quadratkilometer geschwat huet. Eng 121.000 Leit sinn aus der russesche Regioune Kursk a Belogrod schonn evakuéiert ginn, eng 59.000 Mënsche sollen nach dobäikommen.

Back to Top
CIM LOGO