
Vu Mataarbechter vum Fluchhafen heescht et, déi Persoun wier - op d'mannst zum Deel - an d'Turbinn vun der Maschinn era gesuckelt ginn. D'Turbinn huet doropshin och ugefaangen ze brennen.
D'Passagéier goufen iwwer Noutrutschen a Sécherheet bruecht. Méi spéit gouf matgedeelt, datt d'Persoun de Virfall net iwwerlieft hätt. Et géif een net dovun ausgoen, datt et sech dobäi ëm ee Mataarbechter vum Flughafen handelt. Se wier kuerz virdrun iwwert den Zonk geklommen, heescht et vun den Autoritéiten.