Zënter dem 16.Mäerz sinn d’Grondschoule wéinst dem aktuelle Virus hei zu Lëtzebuerg zou. Bis d’Päischtvakanz gëtt Schoul am Fondamental op Distanz gehalen.
Et wär elo wichteg a richteg, dass d’Jongen an d’Meedercher zeréck an d’Schoul kéinte goen. Eleng schonn nëmmen, fir Inegalitéiten tëscht de Kanner z’evitéieren.
Mam Optriede vum Covid-19 misst Unicef no och eng nei Diskussioun ronderëm d’Impfe gefouert ginn. Mat Campagnë gëtt op d’Wichtegkeet vu Vaccinatiounen higewisen. D’Organisatioun, déi sech fir d’Kanner asetzt, mécht sech a Covid-19-Zäite virun allem Suergen ëm den afrikanesche Kontinent.
Solidaritéit ass wichteg. Sue sammelen och. Domadder kann ee vulnerabel Mënschen hëllefen. D’Kontosnummer, fir Unicef en Don ze maachen, ass:
POST Luxembourg
IBAN : LU38 1111 0000 1818 0000
BIC/SWIFT : CCPLLULL
Mentioun: Don à l’UNICEF
