Europa-WalenUrsula von der Leyen kandidéiert fir zweet Mandatsperiod

RTL Lëtzebuerg
No enger Sëtzung vun der CDU-Direktioun e Méindeg zu Berlin huet d'EU-Kommissiounspresidentin annoncéiert, fir eng zweet Amtszäit ze kandidéieren.
© John Macdougall / AFP

Eigentlech sollt d’Decisioun iwwert eng méiglech zweet Kandidatur eréischt am Mäerz op engem Parteidag vun der EVP zu Bukarest getraff ginn. Ma d’Parteispëtzten hunn d’Ursula von der Leyen elo schonn “eestëmmeg” nach eng Kéier als Spëtzekandidatin vun der konservativer Europäescher Vollekspartei fir d’Europawal am Juni virgeschloen. Souguer d’CSU ënnerstëtzt d’Decisioun.

Mat der Kandidatur fir eng zweet Amtszäit hätt si eng “ganz bewosst a gutt iwwerluecht Decisioun” getraff, huet d’von der Leyen erkläert. An de leschte 5 Joer wier net nëmmen hir Leidenschaft fir Europa gewuess, “mä natierlech och meng Erfarung, wéi vill dëst Europa fir seng Mënsche leeschte kann”.

An deem Kontext huet si iwwer d’Reaktioune vun der EU wärend der Pandemie verwisen. “Dat war eng schlëmm Zäit, mir hu misste ganz nei Weeër goen.” Dono wier eng schwéier ekonomesch Kris komm, op déi Europa mat massiven Investissementer reagéiert hätt, sot déi fréier däitsch Verdeedegungsministesch. An nom russeschen Ugrëff op d’Ukrain hätt d’EU vun Dag eent un fest un der Säit vu Kiew gestanen an der Erpressung vum Putin duerch russesche Pëtrol a Gas standgehalen.

De fréiere Kommissiounschef a Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker hat sech scho virun hirer Decisioun fir eng zweet Mandatsperiod vum Ursula von der Leyen ausgeschwat. An engem Interview mam däitschen Tagesspiegel sot hien, dass hie fënnt, dass d’Kommissiounscheffin ënner schwéiersten Ëmstänn vu verschiddene Krisen e gudden Job gemaach hätt.

De Juncker plädéiert dann och am Interview mam Tagesspiegel derfir, d’Poste vum Kommissiounschef an dem President vum Conseil bei den iwwernächste Walen zesummenzeleeën. Den EU-Vertrag géif esou eng Reegelung zouloossen, wat d’Aarbecht deemno wéi kéint vereinfachen.

Och de Friedrich Merz huet d’Ursula von der Leyen fir hir Aarbecht, déi si zu Bréissel geleescht huet, gelueft. Si hätt eng “héich Reputatioun” an de Memberstaaten an doriwwer eraus. De Merz wéilt sech dowéinst dofir asetzen, datt si beim EVP-Parteidag de 6. a 7. Mäerz unanime zur Spëtzekandidatin gewielt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO