Et ass op eemol alles anescht. Europa ka sech net méi blannemännerches op d‘USA verloossen. Dass den Trump Grönland wëll, strapazéiert d‘NATO.
De russesche Krich an der Ukrain geet an dat véiert Joer. Europa investéiert zwar vill a seng Defense. National ekonomesch Interesse bleiwen, trotz der militärescher Urgence.
Fir dat alles anzeuerdnen, an z‘erklären, wéi och d‘Lëtzebuerger Arméi sech op den Eeschtfall preparéiert, ass de Chef vun der Lëtzebuerger Arméi de Generol Steve Thull Invité an eiser Emissioun Background.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.