Diplom oferkanntUrteel hënnert Erdoga-Konkurrent Imamoglu u Presidentiellen deelzehuelen

RTL mat AFP
Direkt a méi Prozesser muss sech den Imamoglu an der Tierkei veräntweren.
Den Ekrem Imamoglu bei enger Ried wärend der Campagne vun de Gemengewalen zu Istanbul am Mee 2019.
Den Ekrem Imamoglu bei enger Ried wärend der Campagne vun de Gemengewalen zu Istanbul am Mee 2019.
© OZAN KOSE/AFP

En tierkescht Geriicht huet en Donneschdeg d'Oferkenne vum Héichschoulofschloss vum Ekrem Imamoglu confirméiert an him domadder de facto d'Kandidatur fir d'Presidentiellen 2028 verbueden. Den Imamoglu, fréiere Buergermeeschter vun Istanbul, sëtz aktuell am Prisong. Den Imamoglu war géint d'Decisioun, datt him den Héichschoulofschloss ofgeholl gëtt, an Appell gaangen, wat d'Geriicht awer elo zeréckgewisen huet. Den Oppositiounspolitiker gëllt als wichtege Konkurrent vum President Recep Tayyip Erdogan a sëtzt zanter annerhallwem Joer am Prisong.

Den Imamoglu war am Mäerz 2025 kuerz viru senger geplangter Nominéierung vun der Oppositiounspartei CHP fir d'Presidentielle wéinst Korruptiounsvirwërf festgeholl ginn. Um Dag vu senger Verhaftung hat d'Universitéit vun Istanbul him säin Héichschoulofschloss oferkannt, deen an der Tierkei eng Viraussetzung ass, fir kënne als Kandidat bei de Presidentiellen unzetrieden.

Zanter Mäerz steet den Imamoglu an engem groussugeluechte Korruptiounsprozess viru Geriicht, dat mat 413 anere Leit, déi mat him ugeklot sinn. Him ginn do 142 Strofdote virgeworf. Sollt hie verurteelt ginn, kéint den Imamoglu bis zu 2.400 Joer Prisong kréien.

An engem anere Prozess gouf den Imamoglu e Mëttwoch zu zwee an engem hallwe Joer Prisong verurteelt. D'Geriicht huet et als erwisen ugesinn, datt hien zesumme mat aacht anere Vertrieder vun der CHP beim Parteidag 2023 Stëmme fir sech kaf hunn. Nieft der Prisongsstrof kruten déi néng Verurteelt och hir politesch Rechter ofgeholl. Géint béid Verurteelunge kann awer nach Appell ageluecht ginn.

Den Imamoglu a seng Supporter werfen der tierkescher Regierung vir, hannert dëse Prozesser ze stiechen. Dës wieren just ugestëft ginn, fir seng Kandidatur bei de Presidentiellen 2028 ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO