De Grand-Duc gouf do géint 10 Auer erwaart, a Begleedung vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel an dem Finanzminister Gilles Roth. Vun do aus goung et an den Imperial College.
Do krut de Grand-Duc Fuerschungs- an Innovatiounsprojete virgestallt, virun allem am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz.
Um Programm steet dann och eng Visitt beim Data Observatory, d'Ënnerschreiwe vun engem Accord an eng Renconter mat Lëtzebuerger Studenten a Mataarbechter.
D'Press konnt den Data Observatory schonn en Donneschdeg de Moien entdecken.
Am Mëttelpunkt vum Besuch steet eng nei Partnerschaft tëscht dem Imperial College an dem Lëtzebuerger Finanzministère.
Mam Programm "LIGHT" (Luxembourg Imperial Growth Horizons for Talent) solle Leit, déi schonn am Finanzsecteur schaffen, sech an der kënschtlecher Intelligenz weiderbilden.