No Schëss op Fra vu 36 JoerParquet schwätzt vun engem "isoléierte Fall"

Claude Zeimetz
Déi nei Schéisserei zu Déifferdeng vun en Dënschdeg den Owend huet d’Leit beonrouegt. Eng Fra vu 36 Joer war do jo ugeschoss a schlëmm blesséiert ginn.
Zu Déifferdeng gouf en Dënschdeg den Owend eng 36 Joer al Fra duerch Schëss blesséiert.
© Christophe Hochard

De Parquet huet en Donneschdeg de Moien op eis Nofro hi präziséiert, datt de Virfall dës Woch näischt mat fréiere Schéissereien zu Déifferdeng ze dinn hätt. Et misst ee vun engem isoléierte Fall schwätzen.

RTL-Informatiounen no stoungen Affer an Täter a Relatioun zu eneen. Virun engem décke Mount réischt gouf et zu Déifferdeng eng Schéisserei. Do war op der Kräizung vun der Avenue de la Liberté mat der Grand-rue aus engem Auto raus op Foussgänger geschoss ginn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO