Angscht viru Bläi-KontaminatiounUS-Arméi huet 68 Fässer mat gëfteger Munitioun gesprengt

RTL mat AFP
Zu Middletown am Iowa huet d'US-Militär bal 5 Tonne gëfteg Chemikalië kontrolléiert gesprengt. D'Populatioun huet Angscht virun enger gëfteger Wollek a Belaaschtung duerch Bläi.
Bei der Explosioun ass eng grouss Dampwollek entstanen.
Bei der Explosioun ass eng grouss Dampwollek entstanen.
© SCOTT OLSON/Getty Images via AFP

Um 9 Auer Lokalzäit ass dat gëftegt Material gesprengt ginn. D'Detonatioun wier méi wéi 15 Kilometer wäit ze héiere gewiescht. D'Chemikalien, an deenen toxesche Bläi war, ware 15 Joer laang an der lokaler Munitiounsfabrik stockéiert gewiescht an doduerch ze geféierlech ginn, fir anzwousch anescht fir d'Zerstéierung hinzeféieren.

An 68 Fässer waren déi bal 5 Tonne gëftege Sprengstoff gelagert. Maueren aus 375.000 Liter Waasser sollten den Impakt vun der Detonatioun minimiséieren a gëftege Stëbs a Grenzen halen. No der Explosioun huet den US-President Donald Trump op de Soziale Medie geschriwwen, d'Erwaardunge wiere "bei wäitem iwwertraff" ginn.

An der Populatioun war et am Virfeld vun der Detonatioun zu grousse Sécherheetsbedenke komm. Well eng gëfteg Wollek gefaart gi war, hate vill Leit hir Fënsteren an Diere komplett ofgepecht. Vum Militär war et d'Recommandatioun, déi ronn 350 Awunner vu Middletown z'evakuéieren. Wie säin Haus net verloosse wollt, war gebieden, Fënsteren an Dieren zouzeloossen. Dem Landwirtschaftsministère no wier et net auszeschléissen, dass eng 350 Bauerenhäff an der Ëmgéigend vun toxeschem Néierschlag kéinte betraff sinn.

Virun der Explosioun konnt een an der lokaler Post an op der Märei Maske fir d'Gesiicht a Rouleaue fir d'Fënstere gratis siche goen. No der Detonatioun wäerte Spillplaze vun de Pompjeeë gebotzt ginn. Laut Militär wiere Kanner bis 6 Joer besonnesch a Gefor bei Explosioune vun esou gëftegem Material. D'Agence fir d'Protektioun vum Environnement huet geroden, all Surfacen, déi Kanner upake kënnen, fiicht ofzemaachen. Éischt Moossungen hätte keng erhéichte Kontaminatioun erginn.

Back to Top
CIM LOGO