
Am Spëtzematch hunn Arsenal a Borussia Dortmund sech mat engem 1:1 getrennt, wärend Real Madrid no engem Réckstand géint PSV Eindhoven opgedréint a sech um Enn däitlech mat 5:1 duerchgesat huet. Manchester City huet sech géint Neapel no zweemolegem Réckstand nach en 2:2 geséchert. Donieft konnt RB Leipzig mat 3:1 géint Lens gewannen, wärend Galatasaray a Bodø/Glimt knapp Victoirë gefeiert hunn.
FC Arsenal - Borussia Dortmund 1:1
1:0 Gyökeres (10'), 1:1 Beier (55')
Am Spëtzematch vum Owend trenne sech Arsenal an Dortmund mat 1:1. Dobäi ass Arsenal mat enger verdéngter 1:0-Féierung an d'Paus gaangen. D'Gunners hunn de Match vun Ufank un dominéiert a sech schonns an der 10. Minutt fir hire staarke Start belount. No enger Virlag vum Madueke huet de Viktor Gyökeres mat engem saten Distanzschoss de Kobel am Dortmunder Gol iwwerwonnen. Och duerno war Arsenal déi méi geféierlech Ekipp a koum duerch den Tzolis an de Rice zu weidere gudde Méiglechkeeten. Dortmund ass mat der Zäit zwar besser an de Match komm, konnt sech offensiv awer kaum richteg duerchsetzen. Déi bescht Chance fir d'Gäscht hat de Fabio Silva an der 20. Minutt, mä säi Schoss ass iwwert de Gol gaangen. An der Schlussphas vun der éischter Hallschent huet Arsenal den Drock nach eng Kéier erhéicht, ouni awer en zweete Gol markéieren ze kënnen. Esou ass et no 45 Minutte bei der knapper, mä verdéngter 1:0-Féierung fir d'Männer aus London bliwwen.
Nom Säitewiessel ass Borussia Dortmund däitlech besser aus der Kabinn komm an huet Arsenal direkt ënner Drock gesat. An der 55. Minutt goufen d'Gäscht dunn och fir hir Méie belount. No enger staarker Eenzelaktioun vum Gadou huet de Maximilian Beier de Ball kritt an dëse mat engem placéierte Schoss zum 1:1 am Gol ënnerbruecht. Doropshin huet sech en oppene Match entwéckelt, an deem de BVB an der 68. Minutt duerch de Jobe Bellingham souguer vermeintlech a Féierung gaangen ass. De Gol gouf allerdéngs wéinst Abseits annuléiert. Mat der Zäit huet Arsenal nees ëmmer méi d'Kontroll iwwerholl a sech eng Rei gutt Chancen erausgespillt. An der 75. Minutt huet de Gyökeres eng Flank vum Ödegaard fräi virum Gol mam Kapp niewent de Potto gesat. Kuerz drop hat Dortmund vill Gléck, wéi de Ball no engem Gewurschtels am Strofraum gläich zweemol um Potto gelant ass. An der 84. Minutt huet och de Rice nach eng Kéier de Potto getraff. Trotz dem héijen Drock vun de Londoner huet d'Dortmunder Defense bis zum Schluss gehalen, soudatt et beim 1:1 bliwwen ass. Arsenal bleift domadder an der Champions League ongeschloen, wärend Dortmund no fënnef Matcher bei zéng Punkte steet.
FK Bodø/Glimt - Linzer ASK 1:0
1:0 Helmerson (90'+2)
Galatasaray Istanbul - Aston Villa 1:0
1:0 Gül (77')
Den FK Bodø/Glimt setzt sech doheem duerch e spéide Gol mat 1:0 géint de Linzer ASK duerch a feiert domadder eng verdéngte Victoire. D'Norweger haten iwwert wäit Strecke méi vum Match, hu sech géint déi gutt organiséiert Defense vun den Éisträicher awer laang schwéier gedoen. An enger éischter Hallschent mat wéinege Golchancen hat de LASK duerch den Dibango Pech, wéi seng Flank an der 25. Minutt un der Lat gelant ass. Nom Säitewiessel huet Bodø/Glimt weider den Toun uginn, mä déi bescht Chance haten d'Gäscht. An der 70. Minutt huet den Dibango de Ball aus néng Meter knapp nieft de Gol gesat. An der Schlussphas hunn d'Norweger den Drock nach eng Kéier erhéicht a goufen an der zweeter Minutt vun der Nospillzäit dofir belount. No enger Flank vum Bjørkan huet den agewiesselten Andreas Helmersen de Ball aus spatzem Wénkel per Kapp zum 1:0 iwwert d'Linn gedréckt. Esou bleift Bodø/Glimt an der Champions League doheem ongeschloen a zitt an der Tabell um Linzer ASK laanscht.
Galatasaray Istanbul huet sech doheem mat 1:0 géint Aston Villa duerchgesat a feiert domadder eng knapp, mä verdéngte Victoire. An enger intensiver, awer gréisstendeels chancenaarmer éischter Hallschent hu sech béid Formatioune schwéier gedoen, fir geféierlech virum géigneresche Gol opzedauchen. Nom Säitewiessel ass de Match ëmmer méi ëmkämpft ginn, woubäi Galatasaray no an no d'Heft an d'Hand geholl huet. An der 77. Minutt goufen d'Haushären dunn fir hir Méie belount: No engem Corner huet den agewiesselte Deniz Gül am Strofraum am séierste reagéiert an en Ofpraller per Kapp zum 1:0 iwwer d'Linn gedréckt. Aston Villa huet doropshin probéiert, nach eng Kéier zeréck an de Match ze kommen, mä d'Englänner konnte sech géint déi gutt organiséiert Defense vun den Tierke kaum nach Chancen erausspillen. Esou huet Galatasaray déi knapp Féierung iwwer d'Zäit bruecht a sech déi dräi Punkte geséchert.
Real Madrid - PSV Eindhoven 5:1
0:1 Perisic (32'), 1:1 Fede Valverde (50'), 2:1 Bellingham (60'), 3:1 Mbappé (64'), 4:1 Mbappé (84'), 5:1 Vinícius Júnior (87')
Manchester City - SSC Neapel 2:2
0:1 Höjlund (55'), 1:1 Bouaddi (67'), 1:2 Lang (76'), Cherki (86')
Real Madrid setzt sech doheem mat 5:1 géint PSV Eindhoven duerch a feiert no engem Réckstand nach eng verdéngte Victoire. Dobäi waren d'Hollänner an der éischter Hallschent déi méi geféierlech Ekipp a koumen zu enger Rëtsch gudder Méiglechkeeten. An der 32. Minutt huet den Ivan Perišić dunn d'Gäscht per Eelefmeter a Féierung bruecht. Real hat dogéint am Stuerm ferm Problemer a koum doduerch kaum zu richtege Golchancen. Nom Säitewiessel hunn déi Kinneklech dunn awer däitlech opgedréint. An der 50. Minutt huet de Fede Valverde no enger flotter Kombinatioun fir den Ausgläich gesuergt, ier den Jude Bellingham zéng Minutte méi spéit mat engem wonnerschéine Schoss op 2:1 erhéicht huet. Real huet doropshin den Drock weider héich gehalen a konnt an der 64. Minutt duerch de Kylian Mbappé souguer op 3:1 erhéijen. De PSV huet an der zweeter Hallschent kaum nach eng Äntwert fonnt, wärend Real duerch de Vinícius Júnior nach weider gutt Méiglechkeeten. Esou sollten um Enn souguer nach zwee weider Goler op Säite vum Real falen. Deemno hunn d'Madrilenen no enger staarker zweeter Hallschent de Match gedréint a sech déi dräi Punkte geséchert.
Manchester City an den SSC Neapel trenne sech an engem ëmkämpfte Match mat engem 2:2-Remis. An enger éischter Hallschent mat wéinege Golchancen haten d'Englänner zwar méi vum Spill, hu sech géint déi kompakt Defense vun den Italieener awer schwéier gedoen. Déi bescht Chance hat Neapel kuerz virun der Paus duerch de Beukema, deem säi Kappball den Donnarumma mat enger staarker Parad ofgewiert huet. Nom Säitewiessel sinn d'Gäscht an der 55. Minutt duerch de Rasmus Höjlund a Féierung gaangen. City huet doropshin den Drock erhéicht a konnt an der 67. Minutt duerch de Bouaddi ausgläichen. Mä Neapel huet sech net geschloe ginn an ass an der 76. Minutt duerch de Noa Lang no engem séiere Konter nees a Féierung gaangen. An der Schlussphas huet City alles no vir gehäit a gouf an der 86. Minutt fir seng Méie belount, wéi de Rayan Cherki aus spatzem Wénkel zum 2:2 getraff huet. Esou hunn d'Englänner sech no zweemolegem Réckstand nach ee Punkt geséchert.
Feyenoord Rotterdam - FC Porto 0:1
0:1 Targhalline (2')
RB Leipzig - RC Lens 3:1
1:0 Raum (6'), 2:0 Nusa (9'), 2:1 Udol (58'), 3:1 Nusa (90'+4)
Den FC Porto setzt sech auswäerts mat 1:0 géint Feyenoord Rotterdam duerch a feiert domadder eng knapp Victoire. D'Portugisen hunn e perfekte Start erwëscht a sinn an der 2. Minutt duerch en Eegegol vum Oussama Targhalline a Féierung gaangen. No enger turbulenter Ufanksphas huet Porto sech ëmmer méi zeréckgezunn, soudatt Feyenoord besser an de Match komm ass. An der 37. Minutt huet de Javi López eng gutt Chance op den Ausgläich leie gelooss, wärend de Santiago Giménez op der anerer Säit kuerz virun der Paus um Kastenmeier gescheitert ass. Nom Säitewiessel hunn d'Hollänner weider probéiert, den Ausgläich ze markéieren, hu sech géint déi kompakt Defense vu Porto awer schwéier gedoen. An der 81. Minutt hat den Targhalline Pech, wéi säi Schoss vum Costa nach un de Potto gelenkt gouf. Siwe Minutte méi spéit huet den agewiesselte Nacho Ferri zwar fir de vermeintlechen Ausgläich gesuergt, mä säi Gol gouf annuléiert. Esou bleift et beim knappen 1:0 fir den FC Porto.
RB Leipzig setzt sech doheem mat 3:1 géint den RC Lens duerch a feiert domadder eng wichteg Victoire an der Champions League. Déi Däitsch hunn e perfekte Start erwëscht a sinn an der 6. Minutt duerch en ofgefälschte Fräistouss vum David Raum a Féierung gaangen. Nëmmen dräi Minutte méi spéit huet den Antonio Nusa vun engem Feeler am Spillopbau vun de Fransouse profitéiert an op 2:0 erhéicht. Leipzig huet d'Partie an der éischter Hallschent kloer dominéiert, wärend Lens offensiv kaum stattfonnt huet. Nom Säitewiessel sinn d'Gäscht awer däitlech besser an de Match komm a konnten an der 58. Minutt duerch de Matthieu Udol op 1:2 verkierzen. Kuerz drop huet Lens souguer eng zweete Kéier getraff, mä de Gol gouf wéinst Abseits net unerkannt. An der Schlussphas ass de Match ëmmer méi ëmkämpft ginn, woubäi béid Ekippen nach zu gudde Méiglechkeete komm sinn. Um Enn konnt den Nusa an der Nospillzäit mat sengem zweete Gol vum Dag den Deckel op de Match, soudatt d'Leipziger sech déi dräi Punkte sécheren.
Slovan Bratislava - Real Betis Sevilla 0:2
0:1 Cucho Hernandez (43'), 0:2 Cucho Hernandez (57')
Como 1907 - AEK Athen 1:0
1:0 Luis Mila (57')
Real Betis Sevilla setzt sech auswäerts mat 2:0 géint Slovan Bratislava duerch a feiert domadder eng verdéngte Victoire. An enger éischter Hallschent mat wéinegen Héichpunkten waren d'Spuenier zwar déi méi aktiv Ekipp, hu sech géint déi kompakt Defense vun de Slowaken awer laang schwéier gedoen. Kuerz virun der Paus huet de Cucho Hernández dunn awer fir d'Féierung gesuergt. No enger Flank vum Ortiz huet de Kolumbianer de Ball per Kapp zum 1:0 am Gol ënnerbruecht. Nom Säitewiessel huet Betis de Match weider kontrolléiert an an der 57. Minutt nogeluecht. No engem Corner vum Isco war et nees de Cucho Hernández, dee per Kapp säin zweete Gol vum Owend markéiert an domadder op 2:0 erhéicht huet. Slovan Bratislava konnt offensiv kaum fir Gefor suergen, wärend Betis d'Partie am Grëff hat a sech déi dräi Punkte geséchert huet.
Como 1907 setzt sech doheem mat 1:0 géint AEK Athen duerch a confirméiert mat dëser Lëscht seng staark Saison an der Champions League . An enger ausgeglachener éischter Hallschent waren d'Italieener déi liicht besser Ekipp an haten an der 29. Minutt déi grouss Chance op d'Féierung. No engem Foul vum Majer am Strofraum huet de Lucas da Cunha den Eelefmeter awer nieft de Gol gesat, soudatt et mam 0:0 an d'Paus gaangen ass. Nom Säitewiessel huet Como an der 57. Minutt dunn awer zougeschloen. No enger Virlag vum Baturina huet de Luis Milla aus ronn 18 Meter mat engem wonnerschéine Schoss an de rietse Wénkel fir den 1:0 gesuergt. AEK Athen konnt doropshin offensiv kaum Akzenter setzen, wärend Como seng knapp Féierung verdeedegt huet a sech domadder déi nächst dräi Punkte geséchert huet.
...
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.