Direkt zwee Accidenter suergen op dëser fir massive Stau: Eemol un der Grenz zu Däitschland, tëscht Waasserbëlleg a Mäertert an eemol kuerz virun der Stad, an der Montée Mënsbech.
Tëscht Waasserbëlleg a Mäertert war eng éischte Kéier géint 5:20 Auer en Accident mat zwee Autoe gemellt ginn. Dësen hat tëschenzäitlech fir bis zu 6km Stau gesuergt.
Gutt zwou Stonne méi spéit dann en Accident mat 6 Autoen an der Montée Mënsbech. Déi lénks a mëttels Spuer sinn hei komplett blockéiert, sou datt et just schlecht laanscht geet. Entretemps suergt den Accident hei fir 9,5km Stau