
Den 32 ale Ghershkovich huet russesch Originnen, huet an den USA fir de Wall Street Journal geschafft a 6 Joer laang aus Russland beriicht. Hien ass och nom Ufank vum Krich an der Ukrain a Russland bliwwen a gouf am Mäerz 2023 festgeholl, dat wéinst dem Verdacht op Spionage. Zanterdeem souz hien zu Moskau am Lefortowo-Prisong.
Den Evan Gershkovich hat d’Virwërf dementéiert. Russland iwwerdeems huet ëffentlech keng Beweiser virgeluecht, behaapt awer, de Journalist hätt eng Panzerfabrick ausspionéiert. D’Affär gouf virun engem Militärgeriicht verhandelt. Um drëtten Dag viru Geriicht dëse Freideg ass hie schliisslech zu enger Prisongsstrof vu 16 Joer verurteelt ginn. Dës muss de Ghershkovich, deen als éischte westleche Journalist zanter Enn vum Kale Krich a Russland festgeholl gouf, an enger Strofkolonie ofsëtzen.
EU verlaangt Fräiloossung
Den EU-Baussebeoptraagten Josep Borrell huet an engem Post op X vun engem politesch motivéierten Urteel geschwat an huet déi direkt Fräiloossung vum Journalist gefuerdert.
Och d’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola huet d’Strof verurteelt an op X betount, datt Journalismus “kee Verbrieche” wier.