
D’US-Arméi huet am Nordatlantik de Pëtrolstanker “Bella 1" saiséiert, deen ënner russeschem Pavillon ënnerwee ass. Dat mam Argument, datt d’Schëff géint US-Sanktioune verstouss hätt. Wéi et vun der Noriichtenagence AP heescht, wieren Zaldoten u Bord gaangen. D’Schëff wier zënter Woche vun den US-Autoritéiten observéiert a suivéiert gi wéinst Lienen zu Venzuela.
Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet am Hibléck op d’Aktioun op d’Sanktioune géint Venezuela verwisen. D’Blockad vu sanktionéiertem an illegalem venezuelanesche Pëtrol géif komplett a Kraaft bleiwen, an dat iwwerall op der Welt.
Wéi d’US-Sender Fox News a CNN bericht hunn, hat sech d’Bella 1 schonn am Virfeld enger Deelblockad entzunn. Russland hätt en U-Boot a weider Militärschëffer a Richtung Atlantik geschéckt, fir dat eidelt Schëff z’eskortéieren.
Vu Moskau heescht et, datt d’Situatioun géing Suerge bereeden. D’UNO-Konventioun fir Séirecht géing kengem Staat d’Erlabnis ginn, fir an internationale Gewässer e Schëff ze behënneren, dat korrekt registréiert ass. Dat wier zanter Dezember 2024 de Fall gewiescht. Russland verlaangt virun allem, datt d’Matrouse kënnen Heem kommen.
Den Tanker steet zanter 2024 wéinst Lienen zum Iran an zur libanesescher Hisbollah-Miliz ënner US-Sanktiounen. Zanter dem 21. Dezember hätt d’US-Garde-Côte en dowéinst am Viséier, ma zanterhier wier en ënner russeschem Pavillon ënnerwee. Den Numm wier a “Marinera” geännert ginn a leschte Mount hätt d’Crew e russesche Fändel op d’Schëff gemoolt.
En zweeten Tanker gouf an der Karibik saiséiert, wéi d’US-Militär nach gemellt huet. Et handelt sech ëm e sougenannten “Dark-Fleet”, e staatelosen, sanktionéierten Tanker. D’M/T Sophia wier “ouni Tëschefall ënner Kontroll bruecht ginn” sou d’Southern Command op X.
De Verdeedegungsministère zu London huet nach erkläert, dass brittesch Truppen d’USA bei der Aktioun ënnerstëtzt hätten.